Radioen

On air

Notturno  |  Mary Halvorson - Night Shift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSL kritiséiert eng "ongerecht Steierpolitik"

Staatsbudget 2023

CSL kritiséiert eng "ongerecht Steierpolitik"

D'Chambre des Salariés begréisst d'Aiden, déi fir dat nächst Joer am Staatsbudget virgesi sinn, mee fënnt awer datt dës net wäit genuch ginn. Haut um Méindeg de Moien huet d'Salariatskummer hiren Avis iwwer de Staatsbudget 2023 presentéiert, si stéiert sech virun allem un der Steierpolitik.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Presidentin vun der CSL, d'Nora Back, schwätzt vun enger ongerechter Steierpolitik a seet, et géif déck Zäit ginn, dës Ongerechtegkeeten aus dem Wee ze raumen:

"Mir hunn eng ongerecht [...] Verdeelung vun der Besteierungslaascht tëschent Aarbecht a Kapital, a mir hunn an eisem Barème vun de Personnes physiques selwer och Ongerechtegkeeten dran."

De Steierbarème misst un d'Inflatioun ugepasst ginn, esou d'CSL-Presidentin.

Aarmutsrisiko muss bekämpft ginn

D'Regierung hätt am Budget 2023 och keng spezifesch Mesurë virgesinn, fir den Aarmutsrisiko an eiser Gesellschaft ze bekämpfen, gëtt den Direkter vun der Salariatskummer Sylvain Hoffmann ze bedenken. Dobäi läit den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei de Leit déi schaffe bei 13 Prozent.

Et hätt ee schonn d'lescht Joer e Plan d'action mat kloren Objektiver a Mesurë gefuerdert, fir dës Tauxen erofzekréien, esou nach de Sylvain Hoffmann. Dofir fuerdert d'CSL op en Neits eng Opwäertung vum Kannergeld, der Allocation de vie chère an der Mindestrent.

Fir weider Mesurë wier Sputt am Budget do

Dës gefuerdert Mesurë géifen alles eppes kaschten, awer et wier nach Sputt do, mengt den CSL-Direkter:

" [...] dat liest een och aus dem Avis vum Conseil des Finances publiques an d'europäesch Kommissioun huet och a sech méi eng positiv Appreciatioun gemaach vun der Situatioun vum Budget par Rapport zu deem, wat u sech am Text selwer vum Budget drasteet."

Wat d'Staatsschold ugeet, esou wier Lëtzebuerg nach wäit ënner dem europäesche Standard vu 60 Prozent an och ënner deenen 30 Prozent vun der nationaler Wirtschaftsleeschtung, déi d'Regierung sech selwer ginn hätt, esou nach de Sylvain Hoffmann.