CSV: Europa-Wahlprogramm
“Fir Europa. Fir Lëtzebuerg.” Mat deem Slogan geet d’CSV an d’Europawahlen. Déi 6 Kandidaten Viviane Reding, Frank Engel, Georges Bach, Marianne Pesch-Dondelinger, Isabel Wiseler-Santos Lima a Christophe Hansen hunn de Moien de Wahlprogramm presentéiert... di chrëschtlech Sozial bekennen sech ganz kloer zu Europa, a wëlle weider un engem staarken Europa schaffen, well, sou d’Spëtzekandidatin Viviane Reding, ee klengt Land wéi Lëtzebuerg nëmme staark an engem staarken Europa kéint sinn.
Schwéierpunkten am Wahlprogramm vun der CSV fir d’Europawahlen sinn: besser europäesch Regelen a manner Bürokratie, ee soziaalt Europa, dozou gehéiert, ënnert anerem, ee flächendeckende Mindestloun a manner Chômage, dann awer och eng kohärent europäesch Klimapolitik an eng staark Agrarpolitik, déi di traditionell Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt.
De Bäitrag vum Françoise Medernach: