Haut am Laf vum Dag si keng weider Kandidaturen ukomm, seet den nach-President Marc Spautz am 100,7-Interview.
Déi nei Bezierkspresidenten an den CSV-Nationalcomité decidéieren elo am fréien Owend zu Nidderaanwen d'Spillreegele fir déi geplangten Hearinge vun de Kandidaten. Dës Hearingen, déi vun der nächster Woch un an de véier Bezierker organiséiert ginn, wäerten net ëffentlech sinn. D'Kandidate sollen de Memberen hir Iddie fir d'Zukunft vun der Partei presentéierten an hinne Ried an Äntwert stoen.
Datt et an enger Partei mat iwwer 10.000 Memberen am Ganzen nëmmen dräi Kandidate fir déi béid Spëtzeposte ginn, géif hien net iwwerraschen, erkläert de Marc Spautz.
Déi lescht "Kampfofstëmmung" gouf et viru fënnef Joer tëschent dem Serge Wilmes an dem Laurent Zeimet. Virun 20 Joer gouf et eng tëschent der Viviane Reding an der Erna Hennicot.