Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV nach net décidéiert

Europawahlen 2019

CSV nach net décidéiert

Wie gëtt Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei fir d'Europawahlen 2019? Dat decidéieren d'Delegéiert vun der EVP, zu där och d'CSV gehéiert, haut a muer zu Helsinki. Opgestallt hu sech den den Däitsche Manfred Weber an de Finn Alexander Stubb.

auto_stories

7 min

758 Persounen hunn d'Méiglechkeet hir Stëmm op dësem Parteidag vun der Europäescher Vollekspartei ofzeginn. D'Lëtzebuerger Delegatioun setzt sech zesummen aus den dräi Europadeputéierten, sechs Delegéierte plus dem Parteipresident, dem Marc Spautz. Zesummen hu si siwe Stëmmen, fir um Parteidag de Spëtzekandidat vun der EVP ze wielen.

Wiem vun den zwee Kandidaten een eng Stëmm gëtt, hätt d'CSV esou kuerz virum Vott nach net decidéiert, seet de Marc Spautz. Et géif een deenen zwee Kandidaten fir d'éischt nolauschteren an dann eng Decisioun huelen.

Dem Marc Spautz säi Wonschkandidat war de Fransous Michel Barnier. Well deen awer nach voll mat de Brexit-Verhandlungen am Gaangen ass, huet hie säin Hutt dës Kéier net an de Ring geworf. 2014 hat hien am Kampf ëm d'Spëtzekandidatur vun der EVP géint de Jean-Claude Juncker de Kierzere gezunn.

Jean-Claude Juncker wielt och

De Kommissiounspresident ass iwwregens och zu Helsinki mat derbäi. Hien däerf och mat wielen. Wiem de fréieren an éischten Spëtzekandidat vun der EVP seng Stëmm gëtt, bleift awer ee Geheimnis. Doriwwer géif net kommunizéiert ginn, sot en Dënschdeg ee Porte-parole vun der Kommissioun.

De Finn Alexander Stubb wëll Spëtzkandidat vun der EVP ginn. Foto: picture alliance/Wiktor Dabkowski.

Déi zwee Männer, déi an d'Renne ginn, presentéiere sech ganz ënnerschiddlech. De 46 Joer ale Bayer Manfred Weber ass Member vun der CSU an den Ament de Fraktiounschef vun der EVP am Europaparlament. Hie gëtt sech buedemstänneg, mat senger Heemecht verwuerzelt an éischter "old school".

Säin Haaptzil wier et Europa de Leit erëmzeginn, sou säi Message an engem Video, deen hie fir dës Campagne realiséiert huet.

De Finn Alexander Stubb ass den Ament Vizepresident vun der Europäescher Investitiounsbank. Hien ass zwar véier Joer méi al, gëtt sech awer méi jugendlech an innovativ wéi de Manfred Weber. Hie mécht och Reklamm mat senger Regierungserfarung als fréiere Minister a Premier.

Weber méi Fidesz-frëndlech wéi Stubb

Mat der däitscher Kanzlerin am Réck huet den däitsche CSUler Manfred Weber ee liichte Virdeel. Dat gëtt de Marc Spautz zou. Och fir d'Lëtzebuerger Delegéiert vun der CSV géif de Support vum Angela Merkel "an d'Iwwerleeunge mat eraspillen". Allerdéngs, sou de Marc Spautz: "Dat mat Ungarn läit eis ganz ferm uewen".

De Manfred Weber kann op d'Ënnerstëtzung vum Angela Merkel zielen. Foto: picture alliance / NurPhoto / Emmanuele Contini

Am Ëmgang mam Suergekand vun der EVP, der ungarescher Fidesz-Partei, huet de Finn Alexander Stubb eng däitlech méi kloer Haltung. D'EVP soll sech vum Viktor Orbán senger Partei trennen, sou seng Meenung.

De Manfred Weber awer huet net gezéckt, matten am ungaresche Wahlkampf op Budapest ze fléien an dem Parteikolleeg Orbán ënner d'Äerm ze gräifen. Hien ass net deen Eenzegen an der EVP, dee weider op der Säit vum prominente Wahlgewënner Orbán steet.

De President vun der Europäescher Vollekspartei Joseph Daul huet bis elo eng éischter soft Linn gefuer, an de Generalsekretär Antonio Lopez ass iwwerzeegt, datt d'EVP net genuch an der Hand huet, fir d'Ungarn virun d'Dier ze setzen: "Et ass den Ament vill Interêt vun de Medien do fir de Viktor Orbán, dat gëtt virun allem vun der Gauche virugedriwwen. Ech hunn awer nach kee legaalt Argument gesinn, dat seet, dat hien net méi Member vun der EVP ka sinn."

"CSV sollt driwwer nodenken, hir Memberschaft rouen ze loossen"

D'CSV awer ass der Meenung, datt Fidesz näischt an der EVP verluer huet, do ass de Marc Spautz formell. Allerdéngs ass et bis elo net gelongen, genuch Parteien zesummenzekréien, fir d'Partei auszeschléissen.

Et hätten der eng Partie kal Féiss kritt an dofir plädéiert, fir d'éischt Prozedur vun de Spëtzekandidaten duerchzezéien.

"Ech sinn doriwwer fierchterlech enttäuscht, well ech hat mir do vill méi Réckgrat vun de Kolleegen erwaart. Et ass eis awer leider net gelongen déi siwe Parteien zesummenzekréien, déi néideg sinn, fir eng Prozedur ze starten. Et ass awer net auszeschléissen, datt dat nach kennt."

Op dësem Parteidag wäert dat awer net geschéien. Dat weess och de Marc Spautz. Wa sech näischt an der EVP an dësem Dossier beweegt, da muss d'CSV selwer Konsequenzen zéien, seet hien. Perséinlech wier hien dofir, datt d'Lëtzebuerger Partei driwwer nodenkt, ob se net hir Memberschaft an der EVP muss roue loossen, wa sech näischt en Vue vun der Fidesz deet.

Den CSV-President wëllt och Léieren aus de Chamberwahle fir d'Europawahlen d'nächst Joer zéien. Et wier wichteg, fir CSV-Wieler anescht ze erreechen. Wat d'Lëscht selwer ugeet, wier nach kee gesat. Och net de Luc Frieden, dee jo schonn Interessi ugemellt hat.

Luc Frieden net d'Office op der Lëscht

"Mir hunn eng Diskussioun deemools gefouert, wéi den Här Frieden zeréckkomm ass aus dem Ausland, doriwwer, datt den Här Frieden Interessi un der Europapolitik huet. Mee mir hunn nach guer net driwwer geschwat, wien déi sechs Leit sinn, déi d'CSV an d'Renne schéckt."

Et wier um neien Nationalcomité fir iwwer dës Prozedur ze decidéieren.

Wat d'Lëtzebuerger Delegatioun zu Helsinki ugeet, ass de Georges Bach zu Helsinki aus gesondheetleche Grënn net derbäi. De Christophe Hansen wollt sech gëschter nach net festleeën. De Frank Engel par konter, dee jo bekanntlech scho laang dofir ass, datt sech d'EVP vun der ungarescher Fidesz trenne soll, seet kloer, datt hie fir de Manfred Weber stëmmt. Dat hätt näischt mat Ungarn ze dinn, et wier interessant ze gesinn, datt elo een, deen een europäescht Mandat huet, als Spëtzekandidat untrëtt.

Egal wéi kéint de Fait, datt déi 215 Europadeputéiert vun der EVP alleguerten ee Stëmmrecht hunn, ee Virdeel fir de Manfred Weber sinn. D'Stëmme vun den 11 Europadeputéiert vun der Fidesz an déi vum Viktor Orbán sinn him op alle Fall gewëss.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.