Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Superdreckskëscht soll net méi privat gefouert ginn

Offall

CSV: Superdreckskëscht soll net méi privat gefouert ginn

D'CSV plädéiert dofir, d'Aktioun Superdreckskëscht vun engem Etablissement public iwwerhuelen ze loossen, se also net weider un eng privat Entreprise out-ze-sourcen.

auto_stories

2 min

Dat wier fir den Deputéierte Paul Galles déi richteg Äntwert op d'Froen, déi virun zéng Deeg an engem Artikel op reporter.lu opgeworf gi waren an um Mëttwoch Theema an der parlamentarescher Ëmweltkommissioun war.

"Déi ganz grouss Fro, déi sech stellt, ass net déi, ob d'Superdreckskëscht eppes ass, wat mer brauchen. D'Aktioun Superdreckskëscht ass super, déi leeft (...) an ass eiser Offall-Politik e ganz wichtegen Acteur. Mee d'Fro déi sech stellt: wéi ass et mat deem Firmekonstrukt hannendrun, wat do opgebaut ginn ass, a wat awer komesch ausgesäit?"

D'Superdreckskëscht wier een "Aushängeschëld vu Lëtzebuerg", seet den CSV-Deputéierten.

Seng Zukunft an der Partei

De Paul Galles huet nach net decidéiert, ob hien um CSV-Kongress Enn Abrëll fir de Poste vum Generalsekretär kandidéiere wäert. Virun e puer Méint huet hien déi Charge Interims-méisseg vum Félix Eischen iwwerholl, dee mat engem Burn-out ausgefall ass.

Hie géif sech gutt mam President Fränk Engel verstoen, dee rezent parteiintern wéinst ëmstriddenen Aussoen ënner Drock gerode war. De Paul Galles seet, hie wier oppe fir mat jiddwerengem ze schaffen:

"Ech hunn do fir mech meng Maxim: Et muss ëmmer alles wat ech soen - well ech soen och warscheinlech heiansdo Saachen, déi net ofgeschwat sinn zu 100 Prozent ... dat wat ech soe muss am Interessi vun der Partei sinn, a vun deem positive Message, dee mer als Partei hunn."

Kontrovers Punkte sollten intern duerchdiskutéiert ginn, ier een erausgeet mat deem Theema, esou nach den CSV-Deputéierten.