Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV verléiert massiv u Stëmmen

Europawahlen 2019

CSV verléiert massiv u Stëmmen

D'CSV huet bei den Europawahlen am Verglach mat 2014 a verschidde Gemenge bis zu 20 Prozentpunkten u Stëmme verluer. Am ganze Land gëtt et bei de Chrëschtsozialen dee selwechten Trend, sief et a Gemengen, déi vun CSV-Buergermeeschtere geréiert ginn, oder aneren.

auto_stories

3 min

D'Landkaart um offiziellen Internetsite vun de Resultater vun den Europawahlen zu Lëtzebuerg war 2014 komplett orange, an alle Gemengen hat d'CSV d'Nues vir.

Fënnef Joer drop gesäit et ganz anescht aus: am Zentrum dominéiert d'DP, déi gréng sinn am Südbezierk staark, grad wéi zu Biekerech, d'Gemeng vum verstuerwene grénge Politiker Camille Gira, souwéi zu Sëll.

LSAP: an Héichbuergen e gudde Score

D'LSAP huet an den traditionelle roude Gemengen Diddeleng, Rëmeleng, Keel grad wéi zu Suessem, wou d'Simone Asselborn-Bintz am Schäfferot ass, déi meeschte Stëmme kritt.

Och den LSAP-Kandidat Nicolas Schmit huet a senger Gemenger Bäerdref ee gudde Score erreecht, mat engem Plus vu véier Prozentpunkten. D'ADR läit an enger Gemeng ganz vir: zu Fréiseng, d'Gemeng vum Kandidat Gast Gibéryen.

CSV: Keng staark Lëscht

D'Analys iwwert d'Resultater vun der CSV ass par konter eng ganz aner. D'Isabel Wiseler-Lima, CSV-Spëtzekandidatin a Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg, kënnt op knapp 17 Prozent, dat ass e Minus vun 20 Prozentpunkten am Verglach mat den Europawahlen 2014. Och an de Gemengen Hesper a Mamer ginn et gréisser Verloschter fir déi chrëschtsozial Vollekspartei. Fir den CSV-Generalsekretär Felix Eischen kéint een d'Europa- an d'Kommunalwahlen net vergläichen. Datt d'CSV drastesch u Stëmme verluer huet, hätt och mat der Lëscht ze dinn.

2014 ass d'CSV mat bekannte Gesiichter an d'Wahle gaangen. De Jean-Claude Juncker war deemools zwar net op der Lëscht vun der CSV, mee war europäesche Spëtzekandidat fir d'EVP. Dat hätt viru fënnef Joer eng Roll gespillt, seet de Raphael Kies, Politolog vun der Uni Lëtzebuerg.

D'CSV hätt sech elo mat neie Gesiichter an d'Wahle lancéiert, de Choix vun der Spëtzekandidatin Isabel Wiseler-Lima wier och wahrscheinlech net optimal gewiescht, mengt de Raphael Kies.

DP: Monica Semedo war e gudde Choix

D'DP hätt mam Charles Goerens een Zuchpäerd gehat, esou d'Analys vum Felix Eischen.

De Raphael Kies ënnersträicht, datt d'DP mam Monica Semedo ee Risiko agaangen ass. Hatt wier ee Quereinsteiger, mee schlussendlech awer ee gudde Choix gewiescht.

Jonk Wieler wielen anescht

D'Wieler hunn och hir Gewunnechte geännert. Bis elo hunn d'Leit traditionell d'CSV an d'LSAP gewielt ouni sech vill Froen ze stellen, déi Jonk hätten eng ganz aner Haltung. Déi Jonk tëschent 18 a 24 Joer géifen tendenziell weder d'CSV nach d'LSAP wielen.

D'CSV wier haut eng Partei wéi eng aner. Weider géifen d'Wieler sech ëmmer méi spéit entscheeden, wat och net zu Gonschte vun der CSV wier, esou de Raphael Kies.