Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Explikatioune vun der Regierung néideg

Europäesch Bankenopsiicht

CSV: Explikatioune vun der Regierung néideg

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar fuerdert Erklärunge vun der Regierung, firwat déi europäesch Bankekontroll-Autoritéit (EBA) net op Lëtzebuerg kënnt. Enger europäescher Entscheedung vun 1965 no missten all europäesch Institutiounen op Lëtzebuerg kommen.

auto_stories

3 min

D'CSV-Fraktioun hätt gären Erklärunge vun der Regierung, no der Decisioun, datt de Sëtz vun der Europäescher Bankekontroll-Autoritéit net op Lëtzebuerg, mä op Paräis kënnt.

"Mir sinn eigentlech e bëssen iwwerrascht, datt Lëtzebuerg schonn am éischten Tour ausgescheet ass, nodeems mir iwwer Woche vun der Regierung erkläert kréien, wéi gutt den Dossier virbereet gi wier, a wéi gutt eis Chancë géinge stoen", esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar am 100,7-Interview.

All Finanz-Institutiounen op Lëtzebuerg?

1965 haten d'Memberstaate vun der Europäescher Gemeinschaft decidéiert, datt all Institutiounen a Servicer um Gebitt vun de Finanzen hire Sëtz zu Lëtzebuerg solle kréien. Eng Decisioun, déi nach ëmmer a Kraaft ass. No der Kandidatur vu Lëtzebuerg am Mäerz dëst Joer, fir de Sëtz vun der europäescher Bankekontroll-Autoritéit EBA ze kréien, hat d'Regierung dëst Argument ëmmer erëm widderholl. Och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat dorun erënnert.

"Traktatioun tëschent e puer Groussen"

De Minister Nicolas Schmit hätt sech gëschter zu Bréissel iwwert de Jean-Claude Juncker geiergert, notéiert haut d'Tageblatt. Den Nicolas Schmit hätt sech gefrot, firwat de fréiere Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker 2010 net protestéiert hätt, wéi de Choix fir de Siège vun der EBA net op Lëtzebuerg, mä op London gefall war.

Deemools wier de Siège op eng total ontransparent Aart a Weis an de Reglement geschriwwe ginn. "Dat war eng Traktatioun tëschent e puer Groussen", esou de Nicolas Schmit.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar versteet net, firwat dat elo net zréckbehale gi wier. "Ech stellen iwwregens och fest, datt et elo net onbedéngt d'Steierpolitik ass, déi hei eng Erklärung wäert ass. Wann ech kucken, datt Dublin et bis an d'Final gepackt huet, an eigentlech just iwwert Tirage au sort eliminéiert ginn ass, beweist dat jo och, datt et manifestement net d'Steierpolitik ass, déi hei den Ausschlag ginn huet", esou de Laurent Mosar.

"Ech mengen, datt am Endeffekt objektiv Critèren iwwerhaapt keng Roll gespillt hunn. Mir haten e gudden Dossier", sot den Nicolas Schmit nom Vote gëschter zu Bréissel. De Minister huet vun engem "Marchandage" tëschent deenen Engen an deenen Anere geschwat. Natierlech hätt och matgespillt, datt Lëtzebuerg scho vill EU-Institutiounen huet.

Attraktiv Finanzplaz och ouni EBA

Och ouni de Sëtz vun der Europäescher Banke-Kontroll-Autoritéit bleift Lëtzebuerg eng ganz wichteg an attraktiv Finanzplaz, seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Dem Carlo Thelen no géifen d'Atoute vu Lëtzebuerg sech net op d'Presenz vun der EBA limitéieren.

Wann de Grand-Duché sech esou opstellt, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen, da misst ee sech net ze vill Gedanken iwwert d'Entscheedung maachen, datt de Siège vun der European Banking Authority op Paräis kënnt. Et wier eng wichteg Institutioun, an et hätt een erëm méi Aarbechtsplazen op Lëtzebuerg bruecht. Lëtzebuerg wier eng vun den dräi europäeschen Haaptstied, an deemno hätt d'Europäesch Bankenopsiicht heihi gepasst, esou de Carlo Thelen.

Paräis gëtt den neie Sëtz vun der Europäescher Bankekontroll-Autoritéit. Lëtzebuerg a siwen aner europäesch Stied ware Kandidat fir de Siège vun der onofhängeger EU-Agence ze kréien. Wéinst dem geplangte Brexit kann de Siège vun der EBA mat ronn 200 Mataarbechter net zu London bleiwen.


Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow

Reaktioun vum Carlo Thelen:

Lauschterenplay_arrow