"D'Resultater kommen, soubal se bekannt sinn, beim CTIE eran. Do gi se kontrolléiert, et gëtt gekuckt, ob keng Feeler oder Onreegelméissegkeeten dra sinn, ob net zum Beispill méi Wahlziedelen erakomm sinn, wéi Wieler ageschriwwe waren", sou den Direkter vum CTIE, de Gilles Feith. Wann d'Resultater gecheckt sinn, ginn d'Donnéeën automatesch verdeelt: Op de Site elections.public.lu, dann och op eng Plattform fir d'Press, wou och Fotoe kënnen erofgeluede ginn.
An zum Schluss och op Open Data. "Do sinn dann och Kommentaren an Analysen dobäi, eng national Kaart, wou een d'Trends ka kucken, wou ee pro Gemeng kann uklicken, mat Statistiken. Zum Beispill, wéi vill Fraen a Männer gewielt goufen, wéi vill Auslänner sech ageschriwwen haten, a sou weider", sou de Gilles Feith.
Cybersécherheet
Am Februar waren déi staatlech Internetsitte vun Hacker attackéiert ginn. Iwwer 24 Stonnen huet et gedauert, bis d'Cyberattack am Grëff war. Fir d'Gemengewahle wier een sou gutt wéi méiglech géint sou eng Hackerattack gewappnet, sou de CTIE-Direkter Gilles Feith. An der Zentral géifen 95 Leit schaffen, fir d'Sécherheet ze garantéieren. Si kéinten direkt reagéieren, wann et eng Pann géif ginn.
Lauschtert d'Gespréich vum 8. Oktober: