Cyclocross-WM 2017 Moderne Circuit op Belval

Fir d'Weltmeeschterschaften am Cyclocross, den 28. an 29. Januar, ginn op Belval 40.000 Visiteure erwaart. D'Gemeng Suessem, déi d'Evenement organiséiert, huet fir de Circuit de Park op Belval erausgewiëlt. Een aussergewéinlecht a modernt Konzept, seet den Eric Leyder, President vum Organisatiounscomité.

Carole Schimmer, md

Eric Leyder
Eric Leyder

Interview Eric Leyder

A knapp 20 Deeg sinn op Belval d’Cyclocross-Weltmeeschterschaften. Eng 40.000 Visiteure ginn do erwaart, 1000 Leit, dorënner 500 Benevolen, sinn dann am Asaz fir déi international Course z’encadréieren.

Organiséiert gëtt des Weltmeeschterschaft vun der Gemeng Suessem. D’Konzept vum Circuit ass aussergewéinlech, seet den Eric Leyder, President vum Organisatiounscomité Bieles 2017.

Modernt Konzept fir de Cyclocross-Circuit

An der Zäit waren d’Cyclocrosscircuiten haaptsächlech an de Bëscher. Zanter ee puer Joer gëtt et een neien Trend. Fir d'Circuiten ginn an Tëschenzäit Wisen oder Pisten op méi festem Buedem erausgewielt. Fir d’Weltmeeschterschaft 2017 gouf de Park op Belval erausgesicht, wëll d’Topographie sech gëeegent huet fir ee ganz modernen a spektakuläre Cyclocrosscircuit, sou den Eric Leyder.

D'Visiteure kënnen do d’Coureure permanent suivéieren. De Parcours ass esou ugeluecht, datt een se bannent deenen néng Ronnen 36 mol ka gesinn. Bei normale Vëloscoursen wier dat aneschters. Derbäi komme riseg Ecranen, op deenen d’Visiteuren d'Course an engem Stéck kënne gesinn.

International Elittesportler um Depart

Um Depart vun de Weltmeeschterschafte sinn international unerkannte Coureuren. Ënnert anerem déi bekannte Lëtzebuergerin Christine Majerus, grad ewéi d’Hollännerin Marianne Vos an d’Belsch Sanne Cant si mat derbäi. Bei den Häre ginn den aktuelle Weltmeeschter, de Belsch Wout Van Aert an den Hollänner Mathieu Van der Poel op Belval erwaart.

Wéinst dem Evenement an de ville Leit, déi do erwaart ginn, soll een den ëffentlechen Transport benotzen. D'Gare um Campus Belval läit e puer honnert Meter vum Circuit ewech.

Méi zum Thema

Rentrée vun der Uni um Campus Belval
Uni Lëtzebuerg

Um Campus Belval feele Plazen, wou ee richtegt Uni-Liewen kéint entstoen. Där Meenung sinn eng Rei Studenten a Professeren vun der uni.lu. D'Initiativ "Beval est à nous" wëll dat änneren.

gilles muller.jpg
Gilles Muller am Interview

De beschte Lëtzebuerger Tennisspiller kuckt op eng fir hie gutt Saison zréck. Fir déi Joeren, déi him als Profi bleiwen, musse Choixe getraff ginn. Eventuell op Käschte vun der Davis Coupe.   

Programm

Dossieren

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    Den 23. Abrëll ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen