Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'AfD am Viséier vum Verfassungsschutz

Däitschland

D'AfD am Viséier vum Verfassungsschutz

Nach an dëser Woch kéint d'AfD vum däitsche Vefassungsschutz als Verdachtsfall a Saache Rietsextremismus agestuft ginn. Nach ass keng entgülteg Decisioun gefall, d'Uerteel soll juristesch bommesécher sinn.

auto_stories

2 min

U sech si sech d'Inneminister vun de 16 däitsche Bundeslänner eens. D'Alternative für Deutschland - an zwar déi ganz Partei - gehéiert op d'Lëscht vun deenen Organisatiounen a Beweegungen, déi de Verfassungsschutz wéinst Proximitéit zu rietsextreme Gruppéieren soll observéieren. Zënter zwee Joer gëlt d'AfD schonn als Préiffall, elo soll also d'Astufung als Verdachtsfall dobäikommen.

Den Ënnerscheed? D'Membere vun der AfD kéinten also vum Verfassungsschutz observéiert ginn, de Staat kéint souguer V-Männer asetzen, déi am Parteimilieu an undercover géife schaffen.

Obwuel dës Woch scho mat enger endgülteger Decisioun gerechent gëtt, huet de Bundesinneminister Horst Seehofer, CSU, d'Prozedur elo nach eng Kéier gebremst. Oder méi genau: En ënnerzitt d'Prozedur nach enger weiderer Préiwung. Wéi den däitsche Noriichtemagasinn Der Spiegel mellt, hätt den Horst Seehofer nämlech d'Juristen aus sengem Ministère domat beoptraagt, nach eng Kéier am Detail iwwer d'Expertise vum Verfassungsschutz driwwer ze goen.

Nëmme kee Feeler

De But: D'Astufung vun der AfD als Verdachtsfall soll juristesch bommesécher sinn. Ofgesinn dovun, datt dëst ëmmer begréissenswäert wier, ass et am Fall vun der AfD duebel pertinent. Wann et och nëmmen dee klengste Rass an der Begrënnung vum Verfassungsschutz gëtt, kéint d'Astufung relativ séier nees vun engem Geriicht réckgängeg gemaach ginn.

D'AfD ass berüchtegt dofir, d'Geriichter mat "Eilverfahren" ze bombardéieren, wann hinnen eng Decisioun net passt. Datt dës aktuell Situatioun esou eng ass, huet sech schonn d'lescht Woch gewisen: D'AfD huet bei engem Geriicht zu Köln schonn zwou Plainten an zwou urgent Demanden agereecht, fir dem Verfassungsschutz ze verbidden, d'Astufung duerchzeféieren. Och de Landesverband aus Brandenburg huet annoncéiert, juristesch Schrëtter anzeleeden.

Geet et op d'Geriicht?

Deeler vun der AfD si schonn zënter längerer Zäit am Viséier vum Verfassungsschutz. D'lescht Joer war zum Beispill de sougenannte "Flügel" ronderëm den AfD-Chef aus Thüringen, de Björn Höcke, als extremistesch agestuuft ginn. Doropshin huet sech de "Flügel" offiziell opgeléist - de Gros vun de wichtege Persounen aus dem rietsradikale Fligel vun der AfD sinn awer weider op zum Deel wichtege Parteipositiounen.

Sollt de Verfassungsschutz also dës Woch wierklech zum Schluss kommen, déi ganz AfD als Verdachtsfall anzestufen, dann dierft sech eng juristesch Schlammschluecht ukënnegen. Well fir béid Säite steet vill um Spill. D'AfD well am Super-Waljoer 2021, an deem och an der AfD-Héichbuerg Sachsen-Anhalt gewielt gëtt, net mat esou enger Affär an der Ëffentlechkeet stoen. An d'Inneminister wëllen mat hirem Urteel net juristesch direkt nees scheiteren.