Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Wire - Mannequin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Affer vum eegene wirtschaftleche Succès

Landesplanung

D'Affer vum eegene wirtschaftleche Succès

Lëtzebuerg kéint d'Capacitéite fir den 1,1 Milliounen Awunner-Staat net bereet stellen, seet de Markus Hesse, Landesplaner a Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg. Wirtschaftleche Wuesstem an demografesch Entwécklung dierften net an deem Mooss vermëscht ginn.

auto_stories

2 min

Markus Hesse

D'Regierung géif behaapten, datt een d'Land mat 700.000 bis 800.000 Awunner kéint an de Grëff kréien. "Dat géif ech am Liicht vun där aktueller Entwécklung, mat där momentaner Awunnerzuel a mat där momentaner Wirtschaftsentwécklung bezweifelen", seet de Markus Hesse, Landesplaner a Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg. Wéinst sengem wirtschaftleche Succès hätt Lëtzebuerg eng Unzéiungskraaft, déi zu engem Ongläichgewiicht vun Aarbechtsplazen a Bevëlkerung géif féieren. Dat géif ënner anerem Verkéiersstau an d'Knappheeten um Immobiliemarché provozéieren.

"Ee richtegen Dilemma"

Déi demografesch Entwécklung wier staark gedriwwen duerch déi wirtschaftlech Entwécklung. Well all Joer Wuesstem vun dräi bis véier Prozent um PIB géif antizipéiert ginn, wier den Drock op d'Bureaus-Flächen an den Immobiliemarché immens grouss. Hie géif bezweifelen, datt sou ee klengt Land dat kéint stemmen. An de Beräicher Mobilitéit an Immobilie géifen zwar momentan Efforte gemaach ginn. "Awer ech mengen, datt d'Capacitéite beim momentane Wuesstemstempo net kënne bereet gestallt ginn. An dat ass ee richtegen Dilemma."

De Kierchbierg wier ee gutt Beispill fir d'Landesplanung zu Lëtzebuerg, seet de Markus Hesse. Zanter Joerzéngt géif ee probéieren aus dem Kierchbierg ee Stad-Quartier ze maachen. Wéinst deene villen Aarbechtsplazen, déi do wieren, an déi nach géifen dobäikommen, wier dat kaum méiglech. Et misst méi Wunnraum geschaaft ginn, awer et géif sech och d'Fro stellen, wie sech dat kéint leeschten. Och bei grousse Projete wéi Esch-Belval géif d'Gefor bestoen, datt ee "Satellitte" géif kreéieren. Et kéint awer sinn, datt bei deenen nächste Projeten, déi am Minett geplangt wieren, net méi déi selwecht Feeler géife gemaach ginn.