Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'AKK huet d'Ausfaart verpasst

Auslandschronik

D'AKK huet d'Ausfaart verpasst

Mat hirem Wiessel an de Verteidegungsministère wollt d'AKK hire Profil als Politikerin schäerfen. An domat beweisen, datt si eng seriö Kandidatin fir d'Nofolleg vun der Angela Merkel ass. Bis elo ass dat ganz schéi schifgaangen.

auto_stories

2 min

Wéi d'EU-Staats- a Regierungscheffen am Summer iwwerraschend d'Ursula von der Leyen als nei Kommissiounspresidentin proposéiert hunn, koum dat fir d'Annegret Kramp-Karrenbauer genee zum richtege Moment. Fir et mat enger Metapher auszedrécken: Et war quasi eng Ausfaart vun enger Autobunn kuerz virum Ufank vum Stau, mat där een net méi gerechent hat.

Well zu deem Moment war déi bildungspolitesch Carrière vun der Annegret Kramp-Karrenbauer ganz ellen an d'Laberenten geroden: Knapps aacht Méint, nodeems si d'Nofolleg vun der Angela Merkel als Parteicheffin vun der CDU ugetrueden hat, huet d'AKK sech vu Pann zu Pann beweegt. Onglécklech Reaktiounen an enger Debatt iwwer d'Meenungsfräiheet, onglécklech Aussoen am Karneval, onglécklech Positiounen zur Homosexualitéit.

Mee op eemol war se do, d'Ausfaart: Eng iwwerraschend Opportunitéit, op e Ministerposten ze kommen - op e prestigiéise Posten en plus, dee vun der Verteidegungsministerin.

Eng zweet Chance?

Mat deem Posten hätt d'Annegret Kramp-Karrenbauer kennen hir Positioun un der CDU-Spëtzt, mee och hir Kanzlerambitiounen ënnermaueren. Dem Wieler ze verstoe ginn: Hei sinn ech. An ech kann och op Bundesebene politesch eppes ëmsetzen.

Knapp dräi Méint méi spéit muss ee festhalen: Et ass beim Konjunktiv bliwwen. Well och op hirem neie Posten ass d'AKK éischter onglécklech. Hire rezente Virstouss a Saache Syrien, dee wéi et schéngt net wierklech mat hire Partei- a Regierungskolleegen ofgeschwat war, ass dat leschte Beispill.

Besonnesch batter ass et fir d'Annegret Kramp-Karrenbauer, datt een d'Gefill huet: Si probéiert immens haart, fir alles richteg ze maachen. An trotzdem klappt et net. An elo, wou si op engem Posten ass, dee méi konkret Aktioune verlaangt wéi dee vun der Parteicheffin, fält et nach méi op.

D'AKK rennt hannendrun

Donieft kennt, datt d'AKK och den direkten Duell mat hire Konkurrenten ëm d'Kanzlerkandidatur verléiert. Zum Beispill mam Gesondheetsminister Jens Spahn, deen am Amt en däitlecht bessert Bild ofgëtt an der AKK souguer bei Auslandsreesen d'Show klaut.

An engem Sondage am Optrag vum SPIEGEL koum kierzlech eraus, datt d'Annegret Kramp-Karrenbauer och an der Bevëlkerung ëmmer méi un Zoustëmmung verléiert. Net mol en Drëttel vun de befrote Bierger traut hir eng méi wichteg politesch Roll zou. Aner méiglech Kandidaten, wéi den SPD-Mann Olaf Scholz oder de Gréngen Robert Habeck, schneiden hei däitlech besser of.

Wann d'Annegret Kramp-Karrenbauer awer iwwerhaapt mol CDU-Kandidatin wëllt ginn, da wier elo Zäit fir eng weider metaphoresch Ausfaart: Eng, no där d'Feeler da besser net méi sou dacks geschéien.