Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ANIL: Fleegesecteur brauch méi Entlaaschtung

Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren

ANIL: Fleegesecteur brauch méi Entlaaschtung

D'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren huet e puer Méint virun de Wale kuerzfristeg Léisungsvirschléi presentéiert fir Fleegeberuffer méi attraktiv ze maachen. Dat, well iwwer zwee Drëttel vum Fleegepersonal schonn op d'mannst ee mol driwwer nogeduecht hätten, de Beruff ze wiesselen. Ee vun den heefegste Grënn: Burnout. Dofir fuerdert d'ANIL elo Reformen bei der Administratioun an bei der Ausbildung vum Beruff.



auto_stories

2 min

D'ANIL huet Léisungsvirschléi presentéiert fir Fleegeberuffer méi attraktiv ze maachen. (Foto: Sophie Schroeder)

Lauschterenplay_arrow


Een zousätzleche reng administrative Poste kéint d'Fleegepersonal zu engem groussen Deel entlaaschten.

Weder Roboter nach Helden

Wéi aus enger Etüd zum Theema Aarbechtsufuerderungen am Lëtzebuerger Fleegesecteur ervir geet, géifen Infirmièren an Infirmiere ronn 40 Prozent vun hirer Schaffzäit net um Bett vum Patient verbréngen, well si eng Rei aner administrativ Tâchen erleedege mussen. Zum Beispill Material bestellen, Inventairë schreiwen a Wäsch raumen.

Doduerch géingen sech vill Infirmièren an Infirmiere fillen, wéi wann si um Fléissband géife schaffen, seet d'Presidentin vun der ANIL, Anne-Marie Hanff.

"Mee mir wëllen am Fong keng Roboter sinn a mir wëllen och keng Roboter ginn. An eng Infirmière ass u sech och kee Roboter. A mir sinn och keng Helden. Well dat ass och eppes wat wärend der Pandemie ëmmer erëm koum."

Et hätt een d'Recht op ee gesond Aarbechtsëmfeld betount d'Anne-Marie Hanff. De Beruff géing dat verdéngen, wat mat de presentéierte Mesure gefuerdert gëtt.

Mat engem zousätzlechen administrative Poste kéint eng méi adequat Prise en charge vum Patient garantéiert ginn, seet d'Anne-Marie Hanff.

Kritik un aktueller Formatioun am LTPS

Nach ee kuerzfristege Léisungsvirschlag vun der ANIL wier ee Computer pro Soignant am Déngscht. Dat kéint eng Dokumentatioun direkt um Bett vum Patient erméiglechen.

Ausserdeem fuerdert d'ANIL eng Reform vum Formatiounssystem. Déi aktuell Formatioun am LTPS soll een direkten Zougang an dat drëtt a lescht Joer vum Bachelor "Infirmier de soins généraux" ginn, deen d'nächst Joer agefouert gëtt.

Den Ament wier virgesinn, datt ee vun den zwee Joer am LTPS nëmmen ee Joer unerkannt kritt, wann een nach de Bachelor op der Uni.lu maache wéilt. Erkläerungen dozou huet d'Tina Koch vun der ANIL ginn.

"Dat heescht, et mécht een am LTPS zwee Joer, a gëtt dann ee Joer zréckgesat, widderhëlt dann nach eemol dat selwecht, warscheinlech d'selwecht opgebaut wéi am LTPS, an däerf dann nach ee Joer méi hannendrun hänken. A Realitéit mécht dat keen."

D'Fuerderunge vun der ANIL riichte sech hei net nëmmen un den Héichschoulministère, mee och un d'Patronat an un d'Gewerkschaften, déi sech elo zesummesetze missten.