D'Leit solle sech bei hiren Assurancë mellen. Si solle wa méiglech Fotoe vun de Schied maachen an da ka sou séier wéi méiglech gefléckt ginn, sou de Marc Hengen. Et géif keen Delai, deen ee kéint verpassen. "Mir kucken, fir datt dat Néidegt gemaach gëtt, fir datt d'Leit ënner Daach kommen. D'Assureuren hëllefen an den Demarchen an dono fir d'Suen erëmzekréien."
Zu Lëtzebuerg hätt et, senges Wëssens no, nach ni en Tornado ginn, seet de Marc Hengen. Zanter immens schroe Stierm an den 90er Jore géifen et awer Assurancë géint Stuerm, Knëppelsteng a Schnéi ginn. Dës Assurancë géifen och an dësem Fall asprangen. "Déi Assurance deckt d'Schied um Haus of, an och wann Objeten zum Beispill an d'Haus geschleidert goufen, an do Schued gemaach hunn", sou den Direkter vun der ACA. Fir Betriber géif et keng esou "Standard-Produiten", mee hir Gebaier kéinten och géint Feier a Stuerm verséchert sinn. Autoe wiere vun der Kaskoversécherung ofgedeckt, esou nach de Marc Hengen.