Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Beie brauchen ökologesche Landbau"

Beiestierwen

"D'Beie brauchen ökologesche Landbau"

Zu Lëtzebuerg si leschte Wanter 20 Prozent vum Beiebestand gestuerwen. Matresponsabel sinn d'Neonicotinoiden, déi solle verbuede ginn. "Mä wat kënnt dann?", freet de Beieberoder Andreas Reichart.



auto_stories

2 min

"Beienziichter si frou iwwert all Insektizid, deen net méi gebraucht däerf ginn", seet den Andreas Reichart vun der FUAL - dem Landesverband vun de Lëtzebuerger Beienziichter. Mëttele mat Neonicotinoide wieren extrem geféierlech - net nëmme fir Hunnegbeien, mä och fir aner Bestäuber, wéi Wëllbeien oder Bommelen.

Zënter Mäerz gëtt et en EU-Projet iwwert e Verbuet vun den Neonicotinoiden. Déi toxesch Produite ginn dacks als Insektiziden agesat. Dobausse soll hiren Asaz net méi erlaabt sinn, an den Zären solle si weider kënne gebraucht ginn.

Wat kënnt amplaz?

Déi Lëtzebuerger Regierung ass fir de Verbuet, dat huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen viru Kuerzem an enger parlamentarescher Fro geschriwwen. D'Beienziichter begréissen dat.

Den Andreas Reichart freet sech awer, wéi et weidergeet. "Ass ee Mëttel fort, kënnt en anert", seet hien. "Engersäits wëllt d'Industrie natierlech verdéngen", seet den Andreas Reichart. Hir chemesch Produite géifen an der moderner Landwirtschaft awer effektiv gebraucht ginn, well héich Erträg gefuerdert sinn.

Fir de Beien ze hëllefen, bräicht ee méi Oekolandbau, esou den Beieberoder. D'Fro wier, ob de Konsument prett ass, méi en héije Präis ze bezuelen.

Beiestierwen

Leschte Wanter sinn hei am Land 20 Prozent vum Beiebestand gestuerwen. "Dat läit am Duerchschnëtt", seet den Andreas Reichart. De Chiffer géif vill vun der Zuel vun den Imker ofhänken.

Et géifen ëmmer erëm nei Leit mat där Aktivitéit ufänken a sech frësch Beiepopulatiounen zouleeën. Domat kéinte Verloschter ausgeglach ginn. Den Andreas Reichard seet sech an deem Kontext optimistesch fir d'Zukunft.

Aktuelle Chifferen no ginn et zu Lëtzebuerg 350 Imker.

Andreas Reichartplay_arrow