Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Belsch am Mëttelpunkt vun engem internationale Skandal

Chronik

D'Belsch am Mëttelpunkt vun engem internationale Skandal

Zanter e puer Deeg steet d'Belsch am Mëttelpunkt vun engem internationale Skandal. Milliardenzomme sollen trotz engem Embargo vu libeschem Kapital am Ausland zanter 2012 vu belsche Konten zeréck an d'Land gefloss sinn an hunn do wahrscheinlech Mënschenhandel a Biergerkrich finanzéiert.

auto_stories

2 min

Zeréck an d'Joer 2011, nom Doud vum Mouammar Kadhafi. Fir ze evitéieren, datt d'Sue vum Clan Kadhafi a schlecht Hänn geroden, huet deemools de Sécherheetsrot vun der UNO decidéiert, all libesch Aktien an Obligatiounen am Ausland ze blockéieren. An der Belsch waren dat 43 Milliounen Euro bei der Bank BNP, 376 Millioune bei ING, 869 Millioune bei KBC, a virun allem 12,8 Milliarde bei Euroclear.

Zënse goufen ausbezuelt

Mee e puer Joer méi spéit gëtt hei e gréissere Problem festgestallt. Zwar war d'Kapital effektiv blockéiert, mee zanter 2012 si quasi fënnef Milliarden Zënsen direkt un de libesche Beneficiaire ausbezuelt ginn, Libyan Investment Authority, déi 2006 ënner dem Kadhafi kreéiert gouf.

Bis elo weess kaum een, wat duerno mat deenen Zomme geschitt ass, mee e Rapport vun der UNO aus dem September dëst Joer stellt de belsche Staat viru seng Responsabilitéiten. Déi international Enquête huet festgestallt, datt Fongen aus dem Ausland de Biergerkrich mat Waffe versuergen, an och Reseaue finanzéieren, déi Mënschenhandel bedreiwen.

Fuite duerch Zoufall entdeckt

An dobäi war et ganz duerch Zoufall, datt d'Fuite vun de Suen opgedeckt gouf. Wéi d'Affekote vum Prënz Laurent, dem Brudder vum Kinnek Philippe, deen am Konflikt mat engem libesche Partner war, iwwer libesch Avoiren an der Belsch enquêtéiert hunn, gouf d'Verschwanne vun den Zënse festgestallt. Doropshin huet de Bréisseler Parquet eng Enquête an d'Weeër geleet.

Mee och Deputéiert, déi déi belsch Regierung schonn zanter dem Hierscht 2017 iwwer d'Affär interpelléiert hunn, hu keng befriddegend Äntwerte kritt. Silence radio vu säitens der Regierung Michel. En Numm kënnt an dëser Saach awer ëmmer erëm: Dee vum Ausseminister Didier Reynders, deen 2011 nach Finanzminister war, an domat d'Muecht hat, Iwwerweisungen ze autoriséieren.

Enquête soll Kloerheet schafen

Et ass emol net gewosst, ob d'Kapital nach ëmmer op de belsche Konte läit, well Euroclear hat sech geweigert, alles op e blockéierte Konto vum Organe central de saisie et confiscation ze iwwerweisen.

Et ginn also Indizien, datt d'Belsch d'Decisioun vun der UNO net respektéiert huet. Wien d'Fuitten erlaabt huet, a wien vun den immensen Zomme profitéiert huet, dat soll d'Enquête endlech erausfannen. Well d'Kredibilitéit vun der Belsch um internationale Plang steet um Spill.