Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Belsch an engem Krichszoustand"

Terroralerte an der Belsch

"D'Belsch an engem Krichszoustand"

D'Kattalin Landaburu ass Korrespondentin vu France24 an dem radio 100,7 zu Bréissel. Fir si ass déi belsch Haaptstad an dat ganzt Land de Moment "an engem Krichszoustand". Si schwätzt vun enger Zort apokalyptescher Visioun an engem Dilemma fir d'Autoritéiten.

Christiane Kleer

auto_stories

4 min

Kattalin Landaburu: "Eng Zort apokalyptesch Visioun" (©Andreas Liljeheden)

Wéi hutt Dir de Moien vun den Attentater erlieft?

Kattalin Landaburu: Mir woussten datt et ee Risiko géif ginn, zanter dem Attentater vu Paräis war de Niveau d'alerte jo op 3 hei an der Belsch. Mee wéi et passéiert ass, de Moien, konnte mer et net gleewen. Wéi mer vun Explosiounen um Fluchhafen Zaventem héieren hunn, hu mer gehofft et géif sech ëm een Accident handelen. Et muss ee soen, et war schwéier fir eis Journalisten, eis Aarbecht ze maachen: d'Stroosse ware blockéiert, an vu 9 Auer un gouf et Problemer mat den Handysverbindungen. Ech hunn d'Gefill datt Bréissel an déi ganz Belsch an engem Krichszoustand sinn. Et héiert een Helikopteren, Sireenen, Spideeler ginn improviséiert, et gëtt opgeruff, Blutt ze spenden – et ass wéi eng apokalyptesch Visioun. 

Des Evenementer geschéien e puer Deeg no der Verhaftung vum Salah Adeslam, ee vun den Haaptverantwortleche vun den Attentater vu Paräis. Awéiwäit beschäftegt dat d'Leit de Moment?

Et ass schwéier, kee Lien domat ze maachen. De leschten Dënschdeg war den Asaz an der Gemeng Forest, wou ee Kompliz vum Salah Adeslam doutgemaach ginn ass. Kuerz duerno ass de Salah Abdeslanm verhaft ginn. An enger Woch ass de Conseil national de sécurité dräi Mol zesummekomm, dat ass enorm. Gëschter (Méindeg) huet de Parquet nach eng Rei Revelatioune matgedeelt, zum Beispill, datt am Abdeslam senger Stopp zu Forest Sprengkaspele fonnt goufen. Et ass natierlech elo ze fréi, fir een Lien tëscht all deenen Evenementer hierzestellen, mee all Mënsch denkt dorun. 

Bréissel ass de Moment an enger Zort Agonie. Den ëffentlechen Transport fonctionnéiert net, d'Leit ginn opgeruff doheem ze bleiwen. Wat mengt Dir, wäert déi Situatioun méi laang daueren?

Dat ass ganz schwéier ze soen. Dat hänkt fir d'éischt Mol dovun of, wéi d'Enquête weiderkënnt, a wéini kloer ass, ob et e Risiko fir wieder Attentater gëtt. Déi éischt Explosioune waren de Moien um 8 Auer ze héieren. Dee Moment hunn d'Autoritéite gesot, datt weider Attentater gefaart ginn. Eng Stonn a genau eelef Minutte méi spéit sinn déi Ängscht an der Metrosstatioun confirméiert ginn.

No den Attentater vu Paräis gouf et eng Ausgangsspär vu bal enger Woch. Sou aussergewéinlech Mesuren hu grouss wirtschaftlech Konsequenzen. Bei der leschter Kéier ass vu Milliounen Euro Pertë Rieds gaang. Et gëtt also kee Niveau d'alerte 4, wéi dat elo de Fall ass, verhaang, wann et net extrem gutt Grënn dofir ginn. Et ass een Dilemma fir d'Autoritéiten.  An Tëschenzäit ass d'Bevëlkerung a Panik, well dës Kéier ass d'ganzt Land vun der Alerte betraff a net just Bréissel.