Radioen

On air

De Moien  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bierger wëlle sech representéiert fillen

Europawahlen 2019

D'Bierger wëlle sech representéiert fillen

An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei mat an d'Europawahle ginn. An der leschter Editioun schwätzen d'Tanja Duprez (23, déi gréng) an den Elisha Winckel (24, LSAP) iwwer Gläichberechtegung an d'politesch Participatioun vun de Bierger.

auto_stories

3 min

Et wier un der Politik fir am Beräich vun der Gläichberechtegung eng Virreider-Roll ze spillen, seet d'Tanja Duprez vun déi gréng. Et wier un den eenzele Parteie fir och Fraen no vir ze bréngen an hir Kompetenzen ze weisen. Donieft géife sech Fraen och méi fir verschidden Themen asetzen, wéi zum Beispill och d'Gläichberechtegung selwer. Fir dëse Problem unzegoen, fuerderen déi gréng an hirem Programm d'Aféiere vun enger Fraequot.

Den Elisha Winckel ënnerstëtzt d'Iddi vun enger Fraequot. D'Leit wéilte sech vun engem Parlament representéiert fillen. Et géif awer net duer goen ze soen, datt 40 oder 50 Prozent vun de Politiker op de Wahllëschte Frae solle sinn, et misst een hinnen och d'Méiglechkeet gi sech ze weisen, esou de Politiker vun der LSAP.

An hirem Programm fir d'Europawahle schwätzen déi gréng vun enger feministescher Baussen- a Sécherheetspolitik. Domat wier engersäits gemengt, datt een d'Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra erreeche wéilt, seet d'Tanja Duprez. Frae wieren ëmmer nach dacks méi vulnerabel. Anerersäits, wéilt ee Frae méi a Friddensverhandlunge mat abannen, well Etüde gewisen hätten, datt wa Fraen u Friddensverhandlunge bedeelegt wieren, déi ausgehandelt Accorde méi laang géifen halen.

Frae wieren a Krisen- a Krichsgebidder zesumme mat Kanner nach ëmmer déi éischt zivil Affer vu Gewalt, seet den Elisha Winckel. Dofir géif sech seng Partei dofir asetzen, datt déi sougenannten Istanbul-Konventioun méi streng ëmgesat gëtt. 2014 ass déi Konventioun a Kraaft getrueden an huet als d'Zil, d'Gewalt géint Fraen a Gewalt am Stot ze bekämpfen. Nieft der Ëmsetzung wier et awer och wichteg, datt an dës Konventioun en drëtte Gender mat abezu gëtt, esou de Kandidat vun der LSAP.

D'Tanja Duprez vun déi gréng

All Joer verëffentlecht de World Economic Forum hire "Global Gender Gap Report", an deem d'Inegalitéiten tëschent Mann a Fra an de Kategorië Gesondheet, Ekonomie, Politik a Bildung ënnersicht ginn. Bannent der EU ginn et do grouss Ënnerscheeder. Schweden a Finnland kommen op Plaz dräi a véier, Lëtzebuerg nëmmen op Plaz 61 a Griichenland op Plaz 78. Fir d'Tanja Duprez wier et wichteg un der Mentalitéit vu verschiddene Länner ze schaffen, fir dës Diskrepanz ze verklengeren. Grad an der Bildung misste verschidde Gender-Biller ofgeschaaft ginn, "och Frae kënnen Ingenieure ginn". Et wier net nëmmen eng Mentalitéitsfro, seet den Elisha Winckel. Frae géifen op ville Plazen nach ëmmer manner verdénge wéi Männer. Dee Gender Pay Gap ofzeschafe wier an Zukunft en ambitiéist awer wichtegt Zil.

Den Elisha Winckel vun der LSAP

Zweet Thema war beim leschte Kichegespréich d'politesch Participatioun vun den EU-Bierger, an do weist den Trend no ënnen. Zanter 1979 ass europawäit d'Wahlbedeelegung un den Europawahlen ëm ronn 20 Prozent erofgaangen. Fir dësen Trend ëmzedréien dierft ee sech awer net nëmmen op d'Participatioun bei de Wahle beschränken, seet de Politiker vun der LSAP, mee et misst een och duerch Projeten déi gelieften Demokratie nees méi stäerken. Duerch Porte ouverten a Visite guidéen am Europaparlament misste Politiker hir Aarbecht méi transparent maachen an och weisen, datt eng Europäesch Unioun net esou abstrakt wier, wéi een dat menge kéint. Fir d'Tanja Duprez misst en EU-Parlament, dat vun de Bierger gewielt gëtt, gestäerkt ginn, zum Beispill doduerch, datt et Gesetzer proposéieren dierft. Donieft sollt een och d'Wahlrecht vu 16 Joer u méiglech maachen.