Et géifen awer nach keng Gespréicher ginn, well et wéinst der Pandemie kee Marché dofir géif ginn. Et géif och kee geneeën Zäitplang ginn, esou de President vum Verwaltungsrot vun der BIL. D'Lëtzebuerger Bank gehéiert zënter fënnef Joer zu 90 Prozent der chineesescher Legend Holdings an zu zéng Prozent dem Lëtzebuerger Staat.
De gréissten Aktionär vun der Luxair ass de Lëtzebuerger Staat mat 39,05 Prozent. Weider gréisser Aktionären nieft der BIL sinn d'Spuerkeess mat 21,81 Prozent an Delfin mat 13 Prozent. Si hunn e Virkafsrecht, wann d'Bil verkeeft. D'Luxair huet wéi aner Passagéier-Airlines och staark ënnert der Pandemie gelidden. Se huet awer selwer och eng Participatioun vu 35,1 Prozent un der Lëtzebuerger Cargolux, déi zënter e puer Joer Rekord-Benefisséier realiséiert.