Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Vampire Weekend - Ottoman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chancëgläichheet an der Fuerschung

Weltfraendag 2019

D'Chancëgläichheet an der Fuerschung

Zu Lëtzebuerg ass just ee Véierel vun de Fuerscher an Ingenieure weiblech, esou Eurostat. Domadder kënnt de Grand-Duché virun Ungarn op zweetleschter Plaz am europäesche Verglach. Dat kéint och eppes mat den Aarbechtskonditiounen ze dinn hunn. D'Kollektivverträg vun der Uni Lëtzebuerg a vun de Fuerschungszentrume ginn ënnerschiddlech mat der Thematik ëm.

auto_stories

3 min

D'Maryline Moreno ass Fuerscherin um Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie. Éier si ee CDI krut, huet si, wéi déi meescht Fuerscher, am Kader vu successive Projete geschafft, déi jeeweils zäitlech limitéiert waren. Eng prekär Zäit, an där ee vill schafft, ouni eng Sécherheet ze hunn. Et wier e Risiko do, fir vun engem CDD an deen nächsten ze kommen, vun engem Projet an deen nächsten, ouni eng wierklech Méiglechkeet fir fest eranzekommen, seet si.

Fuerschung wier zäitopwändeg, betount d'Mamm vun zwee klenge Kanner, an et wier fir si dowéinst kaum méiglech fir Deelzäit ze schaffen. Fir Famill a Beruff trotzdeem ënner een Hutt ze bréngen, wier eng gewëss Flexibilitéit an der Gestaltung vun den Aarbechtszäiten néideg. Genee dat géif de Kader-Kollektivvertrag assuréieren, deen et zanter 2016 fir déi dräi Fuerschungszentere LIST, LISER an LIH gëtt.

D'Maryline Moreno erzielt, datt si e Recht op eng Flexi-time hätt. Eng gewëssen Unzuel u Stonne misst si um Büro sinn. Donieft hätt si en Urecht op eng gewëss Unzuel u Recuperatiounsstonnen, an der Reegel een Dag am Mount oder zwee Deeg pro Semester. Si hätt och kéinten eng Period Deelzäit schaffen an dono nees a Temps plein virufueren.

Chancëgläichheet spillt quasi keng Roll am Sozialdialog

Eng net-publizéiert Etüd vum sozio-ekonomesche Fuerschungsinstitut LISER hat erginn, datt d'Chancëgläichheet tëschent Männer a Fraen am Sozialdialog an de Betriber keng prominent Roll spillt. Dat wier beim LIST anescht, fënnt d'Maryline Moreno: Bei de Verhandlungen tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun vum LIST wier spezifesch op d'Fro vun der Chancëgläichheet opgepasst ginn. Net just bei den Aarbechtskonditiounen, mee och bei de Recrutementscritèren.

Et wier eng Realitéit, datt immens wéineg Fraen am Secteur vun der Recherche schaffe géifen. De Kollektivvertrag soll progressiv en Equiliber tëschent Männer a Fraen hierstellen. De Wëllen dohannert wier, datt dat ënnerrepresentéiert Geschlecht prioritär géif agestallt ginn, bei equivalentem Diplom, Kompetenz a Qualitéit.

Profiller spillen eng wichteg Roll, Rekrutementer vu Frae sollen awer priviliegéiert ginn

Och op der Uni soll bei de Rekrutementer vu Professeren an Assistenz-Professere versicht ginn, een Equiliber tëschent de Geschlechter hierzestellen, seet d'Presidentin vun der Personaldelegatioun Virginie Mucciante. Dat géif awer natierlech näischt drun änneren, datt dee mam beschte Profil rekrutéiert gëtt.

"Wann dat e Mann ass, ass et e Mann. Wann et eng Fra ass, ëmsou besser. Mee ech mengen, si wäerte probéiere fir Rekrutementer vu Fraen ze priviliegéieren."

D'Uni huet zanter zejoert - no laangen a schwierege Verhandlungen - ee Kollektivvertrag. Déi spezifesch Fro vun der Chancëgläichheet tëschent Männer a Frae war dobäi keen Thema, dat explizit zur Sprooch koum, seet d'Virginie Mucciante.

Fir si wier et virun allem wichteg gewiescht, fir eng transparent Salairesgrille fir dat ganzt Personal ze hunn. D'Thema vun der Chancëgläicheet wier net ugepaakt ginn, mee dat wäert an enger zweeter Etapp gemaach ginn, ass sech d'Virginie Mucciante sécher.