Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte (Djedjotronic Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Coque kritt en Héichleeschtungszentrum

Spëtzesport

D'Coque kritt en Héichleeschtungszentrum

An der Coque um Kierchbierg soll en High Performance Center mat modernsten Equipementer fir Spëtzesportler entstoen. De President vum nationale Sport- a Kulturzenter Marc Mathekowitsch huet confirméiert, datt et d'Ambitioun ass, am Laf vun 2018 lasszeleeën

auto_stories

2 min

D'Sportmedezin aus der Eecher Klinik soll och un deem Projet bedeelegt ginn, grad wéi en drëtte Partner, deen awer nach net feststeet. Deen Héichleeschtungssport-Zenter wär och e wichtege Mosaiksteen an de Pläng vum COSL, fir en "Olympia-Stützpunkt" hei zu Lëtzebuerg opzebauen, sot de Marc Mathekowitsch.

Den 1. Oktober huet de Marc Mathekowitsch d'Spëtzt vum Verwaltungsrot vun der Coque iwwerholl. Säi Virgänger Robert Schuler hat sech aus perséinleche Grënn aus dem Gremium zréckgezunn.

En Etablissement public

2016 sinn 655.000 Visiteuren am nationale Sport- a Kulturzentrum gezielt ginn: 330.000 am Centre aquatique (Piscine a Wellness) an 325.000 am Haleberäich.

Den nationale Sport- a Kulturzenter um Kierchbierg ass en Etablissement public, deen all Joer vum Staat eng Dotatioun vu ronn siwe Milliounen Euro kritt. D'Hallschecht dovu gëtt gebraucht, fir den Entretien vum Gebai ze finanzéieren, déi aner Hallschecht ass fir de Federatiouns- an de Schoulsport, déi d'Installatioune gratis notze kënnen.

Eege Recettë

Fir kënnen ze funktionéieren, brauch d'Coque nobäi duebel esou vill Suen, wéi de Montant, dee se all Joer vum Staat iwwerwise kritt. Si muss also selwer Recettë generéieren, fir um Enn vum Joer equilibréiert Konte kënne virzeleeën. Geld verdéngt se mam Verkaf vun Entrée-Billjeeën, mat der Organisatioun vu Concerten an aneren Evenementer, mat Hotellerie (36 Zëmmeren) a Restauratioun oder och nach mat der Locatioun vu Konferenzsäll.

An der Coque ginn et knapp 90 Aarbechtsplazen.