Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Crux vun enger gemeinsamer Positioun

Chronik

D'Crux vun enger gemeinsamer Positioun

Am Konflikt tëschent Russland an der Ukrain wëllt Däitschland d'Roll vum Mediateur iwwerhuelen. Gläichzäiteg wiisst den Drock op Berlin - déi aner westlech Partner annoncéiere scho méiglech Sanktioune géint Russland, sollte russesch Zaldoten an der Ukrain amarschéieren. En éischten Test fir den Zesummenhalt an der däitscher Regierung, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / photothek | Janine Schmitz

Mat wéi enger Positioun reest si op Moskau? Dat war d'Fro, déi ugangs der Woch iwwer der Staatsvisitt vun der däitscher Ausseministerin Annalena Baerbock a Russland houng. Mee se gouf relativ séier beäntwert. D'Gréngepolitikerin huet sech vun hirem russeschen Amtskolleeg net iwwerrenne gelooss a kloer gesot: Datt Russland 100 000 Zaldoten un der ukrainescher Grenz opmarschéiere léisst, dat wier nu mol e bedreelecht Zeechen.

Et war en duerchaus kloert Zeechen. Besonnesch, well an den Deeg virdrun Spëtzepolitiker vum Koalitiounspartner SPD duerchaus schwammeg waren an hirer Positioun géigeniwwer Russland. Dobäi haten déi dach net manner gefuerdert, wéi de Réckzuch vun alle NATO-Truppen an Osteuropa. A verlaangt, datt d'Ukrain ni dierft der NATO bäitrieden.

Wärend also Gréng an FDP kloer Positioun wollte bezéien, hunn d'Sozialdemokrate gezéckt. Et ass esouwäit gaangen, datt an däitsche Medie getitelt gouf: "Die SPD hat ein Russland-Problem."

En Zeeche vum Bundeskanzler Olaf Scholz

De Problem ass offensichtlech: Wat sinn Dreeunge vun der Ausseministerin Baerbock zu Moskau da wäert, wa se net mol vun der gréisster Regierungspartei ënnerstëtzt ginn? Well wat géif Däitschland da maachen, wann et tatsächlech zu enger Aggressioun an der Ukrain kënnt?

An de leschten Deeg huet sech de Wand ganz liicht gedréit. De Bundeskanzler Olaf Scholz, SPD, huet fir d'éischte Kéier selwer Sanktiounen an d'Spill bruecht - an zwar géint d'Gaspipeline Nord Stream 2. Zesumme mat den USA hätt Däitschland deemno beschwat, wat mat der Pipeline, déi aus Russland bis an Däitschland leeft, soll verfuer ginn am Fall vun enger russescher Interventioun an der Ukrain. Dës géif, sou den Olaf Scholz, héich Käschten hu fir Russland.

Domat huet sech de wichtegste Politiker vun de Sozialdemokraten alt senge Koalitiounspartner ugeschloss.

FDP fuerdert Waffeliwwerunge fir d'Ukrain

Mee déi nächst Ausenanersetzung an der däitscher Regierung bei dësem Theema deit sech un. Well sollt een, wann een der Ukrain de Réck stäerkt, net och op engem méi aktive Wee hëllefen, wéi mat nodréigleche Sanktiounen?

Déi däitsch Liberal fuerderen, datt Däitschland sollt iwwer Waffeliwwerungen an d'Ukrain nodenken. D'SPD, an der Persoun vum Olaf Scholz, an déi Gréng, an der Persoun vum Annalena Baerbock, hunn dat an de leschten Deeg vehement ofgeleent.

D'Ampelregierung hätt besser, sech an all deene Punkten emol seriö auszeschwätzen - an eng kloer, gemeinsam Positioun anzehuelen. Well wat Däitschland innerhalb vun der Regierung méi zerstridden ass, wat besser fir Russland.