Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Hang Down Your Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CSU an hir Pkw-Maut

Auslandschronik

D'CSU an hir Pkw-Maut

Well d'Regierung zu Berlin scho Kontrakter mat Entreprisen, déi d'Maut erhiewe sollten, ënnerschriwwen hat, entsteet elo e Milliouneschued. An dat op Käschte vun de Bierger.

auto_stories

2 min

Matthias Kirsch

U sech wollt d'Angela Merkel mat der Pkw-Maut ni eppes ze dinn hunn. An engem Tëlees-Duell virun der Bundestagswahl 2013 sot d'Kanzlerin: "Mat mir wäert keng Pkw-Maut kommen."

Elo, bal sechs Joer no hirem Statement, hält d'Angela Merkel hiert Verspriechen - allerdéngs huet si sëlwer dozou net vill bäigedroen, schliisslech ass d'Mautgesetz zanter 2017 duerchgesat. Et ass den Europäesche Geriichtshaff, dee fënnt, déi proposéiert Maut géif géint d'EU-Recht verstoussen. Well déi net-däitsch europäesch Bierger vun der Maut géifen diskriminéiert ginn.

An dat ass duerchaus ze begrënnen: Wéi d'Pkw-Maut geplangt war, hätten zwar och déi däitsch Autosfuerer missen eng Vignette kafen - allerdéngs wier hinnen dee Montant vun der Kfz-Steier, déi all Autosbesëtzer an Däitschland bezilt, nees ofgezu ginn.

Falsch Diskussioun

Den Häerzensprojet vun der CSU an hire leschten zwee Verkéiersminister - dem aktuelle Minister Andreas Scheuer a sengem Virgänger Alexander Dobrindt - ass also dout. Elo gëtt diskutéiert, op een net einfach eng Maut sollt aféieren, déi all Mënsch d'selwecht muss bezuelen.

Dobäi misst iwwer eppes ganz aneschtes diskutéiert ginn: Nämlech wéi vill Suen dës Aventure den däitsche Staat, an domat den däitsche Steierzueler kascht huet.

Ëmmer wann Dobrindt oder Scheuer vun der Maut geschwat hunn, dann hu si op déi selwecht Aart a Weis argumentéiert: Hei, bei eis a Bayern si méi auslännesch Autoen op der Autobunn wéi däitscher. Dat trëfft sécherlech u vereenzelte Vakanzendeeg zou. Mee am Alldag sécherlech net - net, wann een déi honnertdausenden Autoe mat Plaquetten aus de Nopeschgemenge kuckt, déi zum Beispill all Dag a München erarullen.

Um Bierger laanscht gedealt

Virun allem legitiméiert déi Argumentatioun net, datt d'Ministeren Dobrindt a Scheuer scho Kontrakter a Milliounenhéicht mat privaten Entreprisen verhandelen, während hiert Nopeschland Éisträich nach bei der EU géint d'Maut virgeet. Schonn d'lescht Joer kruten d'Peage-Entreprise Kapsch an den Ticketsverkeefer Eventim d'Zouschléi fir d'Pkw-Maut ze organiséieren. Déi Kontrakter hunn elo eesäiteg misse gecancelt ginn - wéi de Spiegel schreift, dierft dëst de Bund ronn 300 Milliounen Euro kaschten.

Op eng Pkw-Maut sënnvoll ass oder net, doriwwer kann een diskutéieren. Mee mat hirem sture Widderstand bei dësem Thema, och géint d'Kanzlerin, huet d'CSU an hir Ministeren nees just eppes wierklech hikrut: nämlech ëffentlech Gelder ze verschwenden.