Patrimoine D'Defie vum Denkmalschutz zu Lëtzebuerg

All Joer verschwanne ronn 50 Gebaier aus der Lëtzebuerger Landschaft, déi eigentlech hätte kéinte geschützt ginn. Dobäi goufen d'Critèrë fir schützenswäert Baute scho virun zéng Joer festgeluecht.

Anne Schaaf / ys

Hadir-Tower.jpg
Den Hadir Tower zu Déifferdéng war trotz Protester ofgerappt ginn (Foto: 2001/Julie Marthe Hoffmann)

D'a.s.b.l. Sauvegarde du Patrimoine huet en neie Band aus senger Monumentum-Rei erausginn. D'Landschaft ass de Leitmotiv bei dëser drëtter Editioun. De Jochen Zenthöfer ass Editeur vum Wierk.

Hie gesäit rezent Verännerungen zu Lëtzebuerg net nëmme positiv: Klassesch Duerfstrukture mat historescher Bausubstanz géife futti gemaach ginn. Bei neie Quartieren, wéi Belval, géif sech erausstellen, datt se ze dicht wären. Datt d'Studenten, déi do solle schaffen a liewen, sech net wuel géife fillen. Wandenergie-Anlage géif ee prinzipiell positiv géigeniwwerstoen. Awer am Norden an am Oste vum Land géif sech doduerch och d'Landschaft veränneren.

Mat der Landschaft zu Lëtzebuerg géif vill geschéien, sou de Jochen Zenthöfer. D'Politik géif probéieren, dat mat de sektorielle Pläng an de PAGen iergendwéi ze plangen an an de Grëff ze kréien. Awer dat géif net richteg klappen.

Entwécklung a Richtung Luxusbuerg

Am Bezuch op d'Stad problematiséiert de Jochen Zenthöfer zum Beispill, datt de kinnegleche Boulevard net méi "royal" ass. E wär mëttlerweil zu enger Autosstroos mat Dauerstau an ouni Flair ginn. D'Landschaft am Zentrum géif generell no baussen net onbedengt eng Plaz vu mënschlechem Zesummeliewen erëmspiggelen.

De Publizist kritiséiert d'Gentrifizéierung vun der Stad Lëtzebuerg. "D'Stad entwéckelt sech a Richtung Luxusbuerg. An dat ass schued an traureg, well den ëffentleche Raum ëmmer méi fir Zielgruppen a räich Kafkraaft zur Verfügung steet. Manner awer fir Mënschen, déi do liewen a sech do ophale wëllen."

Entwéckelt d'Stad Lëtzebuerg sech ëmmer méi zu Luxusbuerg?

Op d'Baukultur ka Lëtzebuerg houfreg sinn

Als Denkmalschützer fält dem Jochen Zenthöfer op, datt eng ganz Rei Awunner vu Lëtzebuerg nach net genuch sensibiliséiert si fir d'Baukultur, déi en Deel vun hirem Liewensraum duerstellt. Grad op hier Baukultur kéinten d'Lëtzebuerger houfreg sinn.

Vill aner kulturell Saachen hätte sech eréischt a leschter Zäit entwéckelt. Se géifen aus dem Ausland iwwerholl oder akaaf ginn. "Dat wat mir hei selwer entwéckelen ass nach relativ nei an net sou staark. Et daacht deemno nach net sou zur Identifikatioun. Subkulture ginn et bal guer keng oder vill ze wéineg zu Lëtzebuerg." Am Verglach zu den Nopeschlänner a -Regiounen hätt Lëtzebuerg am Beräich vun der Baukultur Besonnesches geleescht. Op dee Patrimoine kéint een houfreg sinn.

De Politiker ass Schold, net de Promoteur

Fir dëst Bewosstsinn géifen et nach e puer Hürde ginn, seet de Paul Ewen, President vu Luxembourg Patrimoine. Am Artikel 14 vum däitsche Grondgesetz heescht et "Eigentum verpflichtet". Zu Lëtzebuerg géifen et an dësem Punkt awer nach grondleeënd Mëssverständnesser. Et wär ee Problem an de Käpp vun de Leit. Si géifen als Propriétaire just hir Rechter, an net hir Pflichte gesinn. Wann een eppes hätt, misst ee sech och dorëms bekëmmeren, fënnt de Paul Ewen. En Haus géif ëmmer am ëffentleche Raum stoen, also géif et och jiddereen eppes ugoen.

Den Droit vun der Proprietéit implizéiert och, datt ee säin Terrain un eng Firma däerf weiderginn, déi en nei amenagéiert oder där een erlaabt, al Haiser ofzerappen. Grad wann et em den Denkmalschutz geet, geroden dacks d'Promoteuren tëscht d'Fronten. "De Promoteur ass net am Feeler", erkläert de Paul Ewen. "E mécht dat, wat hien erlaabt kritt. A wien erlaabt et? Dat ass d'kommunal an national Gesetzgebung. Also Politiker."

Aus der Rubrik "Verloren" um Site vu Sauvegarde du Patrimoine

Responsabilitéit net bei Fachleit

Um Niveau vun de Gemengen kritiséieren béid Denkmalschützer de Schrack, deen am Kader vun de PAG Prozeduren gemaach gouf. D'Gemenge sollte fir hire Patrimoine sensibiliséiert ginn, mee dëst huet nach laang net iwwerall uechtert d'Land funktionéiert. De Jochen Zenthöfer fënnt et schwiereg, datt Decisiounen an d'Hänn vu Persoune geluecht ginn, déi verständlecherweis keng Fachleit sinn.

Genee wéi Grenzwäerter fir d'Waasserverschmotzung oder Léierpläng fir d'Schoulen op nationalem Niveau geregelt wären, misst dat och beim Denkmalschutz geschéien. "Nëmme mam Bléck op dat ganzt Land kann een decidéieren, wat seelen ass, a wat aus deem Grond muss protegéiert ginn," sou de Jochen Zenthöfer.

D'Critèrë fir schützenswäert Baute si scho virun engem Joerzéngt festgeluecht ginn. E Gebai muss deemno beispillsweis authentesch sinn, an et muss eng speziell Bedeitung fir d'Geschicht vun engem Duerf oder eng Stad hunn. D'Theorie läit also fir, mee et ass an der Praxis wou et hapert.

"Wann een dës Critèren op all Gebaier zu Lëtzebuerg applizéiert, kommen um Enn eng 5.000 bis 6.000 Gebaier eraus, déi ee misst schützen. Et sinn der awer just 1.000 geschützt", gëtt de Jochen Zenthöfer ze bedenken. All Joer géife ronn 50 Objeten zerstéiert, déi denkmalschutzwierdeg wären. Déi éischt Prioritéit misst et deemno sinn, déi 4.000 Objeten op d'Denkmalschutzlëschten ze setzen.

Nationalen Inventaire a manner Bureaukratie

De Jochen Zenthöfer an de Paul Ewen fuerderen och en nationalen Inventaire. Virun 160 Joer hätt dee Prozess an anere Länner ugefaangen. Elo géif en och zu Lëtzebuerg ufänken, kommentéiert de Paul Ewen. "Dat ass absolut lächerlech fir en demokratesch developpéiert Land. Dat ass net z'excuséieren."

Donieft wier och eng méi zäitgeméiss a manner bureaukratesch Gesetzgebung um Niveau vum Denkmalschutz néideg, fir datt deen Inventaire säi Sënn erfëlle kéint. All eenzelt Gebai misst dem Gesetz no vun enger Komissioun aviséiert ginn. Déi Decisioun misst da vum Kulturminister approuvéiert, a vum Conseil de Gouvernement ënnerschriwwe ginn.

Kënnt den Inventaire zu Lëtzebuerg 160 Joer ze spéit?

Gemeinsam mat aneren Associatioune setzt d'a.s.b.l. Luxembourg Patrimoine sech fir d'Entpolitiséierung vum Denkmalschutz an. Hirer Opfaassung no verengt sech den Handlungsspillraum fir schützenswäert Bauten ze retten och doduerch, datt Zäit vergeet, well d'Décisioun um Enn just beim Kulturminister läit. "Dat ass eng reng politesch Decisioun, an net onbedéngt eng sachlech", kritiséiert de Paul Ewen.

Um richtege Wee...

Wéi wär déi ideal Situatioun fir Denkmalschützer? Denkmaler, déi klasséiert wieren, missten automatesch protegéiert sinn, fuerdert de Jochen Zenthöfer. An engem zweete Schrack kéinte se nach ëmmer deklasséiert ginn, wann aner, méi wichteg Grënn, dat géifen noutwenneg maachen.

De Publizist gëtt awer zou, datt vill Prozesser um richtegen Wee sinn. Et wär gutt, datt d'Parlament d'Konventioun vu Granada elo ratifizéiert hätt. Hien hofft och, datt den Denkmalschutz an déi nei Verfassung wäert opgeholl ginn. Elo géif een nach op dat neit Denkmalschutzgesetz waarden. Bei deem géif et allerdéngs scho Retard ginn.

An der Mediathéik:

Land a Leit / /
Lauschteren

Méi zum Thema

20160720-sam tanson-3789.JPG
Stater PAG

491 Mol ass kuerz virum offiziellen Delai géint den neie Stater Bebauungsplang reklaméiert ginn, sou déi éischt Schäffin Sam Tanson. Déi gréng Politikerin huet d'Spëtzekandidatur fir d’Gemengewahlen am A.

Letzebuerg.jpg
Neie PAG

Bis 2020 kéinten 126.000 Leit an der Stad wunnen. Aarbechtsplaze sollen et der dann 180.000 ginn. Mam neie PAG sollen Äntwerten op dës Erausfuerderunge geliwwert ginn. Net genuch, fanne Kritiker.

Foni Le Brun.JPG
Archeologie

Lëtzebuerg huet vill archeologesch Schätz. Nëmmen een Deel dovun ass och repertoriéiert. D'Equipe vum archeologeschen Zenter huet also vill Defien ze bewältegen. Mee ass och houfreg op eng Rei Succèsen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Klangbiller - An der Bakstuff

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen