Radioen

On air

De Moien  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Designerin Irina Moons

Generator

D'Designerin Irina Moons

Dëse Weekend ass den Pop Up Creators Market am Gronn. Wei ass d'Liewe vun enger jonker Designerin zu Lëtzebuerg? D'Lara Bousch huet sech mat der Irina Moons ënnerhalen.

auto_stories

1 min

Wéi lieft een als Designer zu Lëtzebuerg? Dëse Weekend ass den Pop Up Creators Market am Gronn. An "Am Gronn" heescht och eng néi kreativ Adress, wou Designer zesummeschaffen, Workshoppe ginn oder eben och Ausstellungen organiséiert ginn.

D'Iddi vun "Am Gronn" ass et en Ateliersraum mat verschiddenen Designer ze deelen, e klengen Designshop opzemaachen, awer virun allem och e Lieu d'Echange ze schafen. Engersäits ënner Designer an aner kreative Professiounen, anerersäits awer och mam Grand Public. Méi dozou gitt Dir an engem spezielle Bäitrag den 29. November gewuer. Den Atelier "Am Gronn" feiert nämlech eréischt nächst Woch seng offiziell Ouverture. Dëse Weekend par konter war schonn eng vun den éischte Veranstaltungen am Gronn.

Wat bedeit e Liewen als Designer? Populär Virstellunge stëllen den Designer dacks als exzentresche Star duer oder als Hipster, dee mat sengem Fixi duerchgestylt duerch eng Stad fiert. Ass dat esou?


D'Lara Bousch huet sech mat der Irina Moons ënnerhalen. Lauschtert déi ganz Episod vum Generator.