Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tommy Guerrero - It Gets Heavy Feat. Gresham Taylor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Dilemma vun der Entwécklungshëllef

Fräie Mikro

D'Dilemma vun der Entwécklungshëllef

D'Lescht Woch ass, wéi all Joer, d'Regierungserklärung iwwer d'Entwécklungshëllef an der Chamber virgestallt ginn. Et gouf vill Zoustëmmung iwwer d'Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Politik, awer wéineg Ausernanersetzung iwwer d'Effikassitéit vun där Hëllef, mengt de Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Dëst Joer konnten d'Medie mat enger Haaptneiegkeet glänzen, nämlech datt d'Paulette Lenert fir d'éischt als nei Ministesch fir Kooperatioun an humanitären Asaz d'Leitlinne vun der nationaler Kooperatiounspolitik virgestallt huet. Wat déi grondsätzlech Ausriichtung vun där Politik betrëfft, huet sech dogéint wéineg geännert: Lëtzebuerg bleift relativ zu senger Budgetskraaft ee vun de generéisten Donateuren am OECD-Raum, et fiert mat senger Politik vun den Zillänner virun, an et setzt prioritär op Secteure wéi Educatioun, Gesondheet a Rechtsstaat. Dës Grondlinne gi praktesch vun alle Säiten ënnerstëtzt, inklusiv vun der Oppositioun an der Chamber. Och déi quantitativ Hëllef gëtt kaum a Fro gestalt: Schliisslech wëllt Lëtzebuerg domat international e positiivt Bild ofginn. Souguer d'ONGen, déi an der Reegel eng kritesch Approche zu der Regierungspolitik hunn, schenken der Regierung Applaus. Eng méi grouss Zoustëmmung fënnt een deemno kaum an anere Beräicher vun eiser nationaler Politik.

D'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef huet sech verännert

Wann een d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef duerchliicht, mierkt een, datt d'Politik sech an de leschte Joerzéngte staark geännert huet. Dat huet manner mat de Resultater vun där Politik ze dinn, wéi mam weltwäiten Ëmfeld, an deem d'Krittäre fir d'Hëllef u manner bemëttelt Staaten stänneg ugepasst ginn.

Wéi d'Flüchtlingskris déi lescht Joren ausgebrach ass, si gläichzäiteg méi kritesch Téin iwwer d'Effizienz vun der Entwécklungshëllef opkomm. Vill Observateure sinn der Meenung, datt d'Entwécklungspolitik - op jiddwer Fall esou wéi si bis elo praktizéiert gouf - global gesi kee groussen Erfolleg war. Trotz de Milliardebeträg, déi an deem Beräich eragepompelt goufen, bestinn nach ëmmer an Deeler vun der Welt enorm Problemer. Korruptioun, Bedruch, Mangel u Rechtsstaatlechkeet, Krichssituatioune sinn e puer Aspekter vum Entwécklungsréckstand, déi eng ganz Rei Länner opweisen, an déi duerch d'Entwécklungspolitik laut verschiddenen Experten net méi kleng ginn, ganz am Géigendeel.

Et gëllt e Mëttelwee ze fannen

Eenzeler behaapte souguer, datt déi westlech Ënnerstëtzung eng nei Form vun Dominanz duerstellt, an déi aarm Länner deemno keng Chance hunn, aus eegener Kraaft eraus aus dem Schlamassel erauszekommen. Ënner de méi moderate Stëmmen héiert een, datt déi eenzel Entwécklungsprojeten um mikroekonomesche Plang zwar gutt fonctionnéieren, datt dat makroekonomescht Bild awer eng ganz aner Sprooch schwätzt. Méi radikal Stëmme ginn esou wäit, e komplette Stopp vun der Entwécklungshëllef ze fuerderen, wat natierlech bei den ONGen, déi an deem Beräich schaffen, net op Begeeschterung stéisst.

D'Léisung vum Problem ass awer net esou einfach. Wann ee gesäit, wéi aner Muechte versiche mat Methoden, déi u Kolonialzäiten erënneren, den aarme Länner ënner d'Ärem ze gräifen, kënnt een net ëmhin ze soen, datt d'Alternativen zum aktuelle westlech gepräägte Modell net onbedéngt besser sinn. Tëschent deenen, déi sech ouni Selbstkritik gär op d'Schëller klappen, an deenen, déi alles wëllen a Fro setzen, gëllt et also e Wee ze fannen, deen d'Dilemma vun der Entwécklungshëllef op Dauer léise kann.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.