Nach bis viru Kuerzem war den Nordoste vu Syrie relativ stabil, vill international Organisatioune waren an deem Gebitt present. Mee wärend den tierkeschen Attacke géint déi syresch Kurderegioun, déi den 9. Oktober nom Réckzoch vun den US-amerikaneschen Truppen ugefaangen hunn, gouf dat internationaalt Hëllefspersonal evakuéiert, seet den Alan Ehmed, en Dokter aus Nordost-Syrien.
Déi international medezinesch Organisatiounen déi op der Plaz waren, hätten een ëmmer vill ënnerstëtzt, logistesch a mat Material. Wärend den Attacken hätte si hir international Mataarbechter evakuéiert, déi elo zu Erbil, am irakesche Kurdistan am Büro setzen. "Als medezinescht Personal gehéiert awer zu eiser Missioun, datt mir als allerlescht ginn, datt mir eis ëm d'Krichsaffer këmmeren", sou den Alan Ehmed.
Hiweiser, datt international verbuede Waffen agesat ginn
Den Alan Ehmed ass och Direkter vum medezineschen Trainingszenter zu Derek, deen zanter dräi Joer dat lokaalt Gesondheetspersonal op d'Realitéit um Terrain virbereet. Well een zanter Jore mam Krich konfrontéiert wier, géif ee vill Formatiounen an der Noutfallmedezin ubidden. D'Gesondheetspersonal gëtt ëmmer erëm mat Affer vun Explosiounen, Bombardementer oder Schéissereie konfrontéiert.
"Wärend de leschten Attacken duerch d'Tierkei hu mir awer och Patiente krut, déi ongewinnte Verbrennunge virgewisen hunn, déi mir nach ni gesinn haten. Dat ass e Beweis dofir, datt international verbuede Waffen agesat goufen."
Presenz vu groussen ONGe garantéiert e gewëssent Mooss u Sécherheet
Bis haut geet de Krich an Nordost-Syrie weider. Déi pro-tierkesch Milizen, déi bis haut nach d'Stied vu Ras al Ayn an Tal Abyad occupéieren, versichen ëmmer nach, weider Gebidder ze gewannen. Fir déi medezinesch Organisatiounen ass et dacks schwiereg, un déi Blesséiert ze kommen, well d'Milizen, déi direkt Verbindungen zur Tierkei hunn, dat humanitäert Recht net respektéieren. Den Alan Ehmad erënnert sech un d'Evakuatioun vun der Stad Ras al Ayn.
"D'Rout Kräiz an de Rouden Hallefmound haten en humanitäre Korridor zu Ras el Ayn opgestallt, fir déi Blesséiert an dat medezinescht Personal ze evakuéieren. Du si si awer vun de Milize bombardéiert ginn. Si hu missen een Dag laang waarde bis si du schlussendlech eran an d'Stad gelooss gi sinn."
Haut sinn eng Rei kleng an onofhängeg medezinesch Hëllefsorganisatiounen am Gebitt Nordost-Syrien aktiv. Ënner hinnen déi sougenannten Free Burma Rangers, déi direkt un der Front d'Affer evakuéieren. Virun engem Mount goufen och si attackéiert, ee vun hire Volontairen ass ëm d'Liewe komm. Dem Alan Ehmed senger Meenung no missten haaptsächlech déi grouss ONGen zeréckkommen, well duerch hir Presenz géife si e gewëssent Mooss u Sécherheet garantéieren. "Wa si net do sinn, si mir méi vulnerabel", seet den Alan Ehmed.