Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Superreality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Elefanteronn am Trammschapp

Europawahlen

D'Elefanteronn am Trammschapp

D'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg huet op eng Elefanteronn agelueden, mat Vertrieder vun all de Parteien, déi hei am Land bei den Europawahlen untrieden. D'Parteikandidate goufen zu hire Positioune befrot a punkto Klimaschutz, Digitaliséierung an Zukunft vun der EU. Diskutéiert gouf an zwou Gruppe vu jee fënnef Kandidaten. Déi zéng Kandidate goufe per Lous an eng vun dës zwou Gruppen gewielt.

auto_stories

3 min

Wéi den Zoufall et wollt, sinn an där éischter Grupp éischter Parteie vum rietse Spektrum gelant: hei vertruede waren déi Konservativ, d'DP, VOLT, d'CSV an d'ADR. Am zweete Grupp souze Kandidate vun déi gréng, déi Lénk, der LSAP, de Piraten an der KPL.

Europäesch oder national Interessen

Gréisser Kontroverse gouf et a kenger vun den zwou Gruppen. Et war awer beim drëtten Thema vum Owend, der Zukunft vun der EU, wou een am kloersten d'Ënnerscheeder tëschent de Parteie gesinn huet.

"Mir si ganz kloer fir en neit Europa mat enger Constitutioun, déi een duerch e Parlament gewielte Premierminister eng Regierung forméiert a wou de President direkt vun de Leit gewielt gëtt.", esou de Christopher Lilyblad, vun der paneuropäescher Partei VOLT. déi Konservativ an d'ADR hu sech dogéint fir en Europa vun de Natiounen ausgeschwat.

De Gast Gibéryen vun der ADR ka mat den Iddie vu VOLT net vill ufänken: "Mir sinn och dogéint, datt ee President vun de Bierger gewielt gëtt. Mir gi jo an d'Europaparlament fir Europa, mee och fir d'Interesse vu Lëtzebuerg ze vertrieden."

Lëtzebuerger am Europaparlament

Mat sechs Deputéierte kéint Lëtzebuerg net vill bewierken am EU-Parlament, esou de Gast Gibéryen. De Joe Thein vun déi Konservativ huet sech par konter dofir ausgeschwat, datt d'EU-Parlament soll eege Propositioune fir Reglementer kenne maachen.

Fir en Initiativrecht vum Parlament sinn och de Christophe Hansen vun der CSV an de Charel Goerens vun der DP: "An der Eurozon hu mir e Rettungsschierm, dee bis 800 Milliarden Euro ka mobiliséieren, dee vu kengem Parlament kontrolléiert gëtt. D'Europaparlament soll déi Missioun iwwerdroe kréien.", esou de Charel Goerens.

D'EU reforméieren

D'EU kéint een net reforméieren a sollt ofgeschaaft ginn. Amplaz sollt eng Zesummenaarbecht tëschent de Länner kommen, esou gesäit den Ali Ruckert vun der KPL d'Zukunft vun der EU. D'Marie-Paule Dondelinger vun der Piratepartei huet virun allem op den Demokratiedefizit higewisen, deen an der EU géif bestoen.

Foto: Union européenne, 2019

Déi aner Kandidaten am zweete Grupp vum Owend hunn da virun allem eenzel Virschléi gemaach, wéi een d'EU kéint reforméieren. D'Tilly Metz vun déi gréng erënnert drun, datt "wann ee weess, datt 75 Prozent vun de Gesetzer, déi national gestëmmt sinn, Ëmsetzunge vun EU-Direktive sinn, da fannen ech muss déi Kommunikatioun tëschent dem Europaparlament an dem nationale Parlament verbessert ginn."

Den David Wagner vun déi Lenk huet virun allem d'Austeritéitspolitik kritiséiert, déi vun der EU géif gemaach ginn, "zum Beispill déi Stabilitéitskrittären: Dat ass Science-Fiction. Dat mécht ekonomesch guer kee Sënn. Vu liberale bis marxisteschen Ekonome soe si all, datt dat komplette Bullshit ass."

Eestëmmegkeet a Steierfroen

Da war nach d'Fro op den EU-Conseil méi Entscheedung mat enger qualifizéierter Majoritéit soll treffen, och a Steierfroen. Et misst eng Evolutioun an déi Richtung ginn, sot dozou den Nicolas Schmit vun der LSAP: "Dat muss net déi normal qualifizéiert Majoritéit sinn. Dat muss och net op all Aspekt vun de Steiere falen."

Ähnlech hu sech d'Tilly Metz, den David Wagner an de Christopher Lilyblad positionéiert. D'Kandidate vun der DP, CSV, ADR an déi Konservativ hu sech fir d'Bäibehale vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet a Steierfroen ausgeschwat.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.