Radioen

On air

De Weekend  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enn vun der Trump-Ära?

USA

D'Enn vun der Trump-Ära?

D'Wäisst Haus verdeedegt sech géint Suggestiounen, datt en Akkord vum Donald Trump sengem fréieren Affekot den US-President kéint zu engem Verbriecher maachen. De Michael Cohen hat en Dënschdeg seng Schold zouginn, an enger Affär ëm Steierhannerzéiung an d'Verstousse géint déi amerikanesch Wahlgesetzer. De Cohen sot viru Geriicht zu New York, datt den Donald Trump hien ugestallt hat zwou Bezuelunge virun der Presidentschaftswahl 2016 ze organiséieren. Déi Bezuelungen hunn zwou Fraen dozou bruecht, hir presuméiert Affäre mam Trump net public ze maachen.

auto_stories

3 min

Foto: Picature Alliance / NurPhoto / Cheriss May

Wat soen d'Wäisst Haus an de President zu där ganzer Geschicht?

Mir hu vu verschiddene Stëmmen aus dem Wäissen Haus, vum Donald Trump a vun der Spriecherin, der Sarah Huckabee Sanders héieren. Mee et schéngt, wéi wann d'Wäisst Haus sech net ganz kloer wier, wéi si op dës Noriichte solle reagéieren. Et steet awer fest, datt dat ganz schlecht Noriichte fir d'Wäisst Haus a fir de President sinn.

Den Donald Trump huet - vläicht net iwwerraschenderweis - Fox News en Interview ginn an deem hie fréi moies scho gesot huet, datt hien iwwer dës Bezuelunge fir déi zwou Fraen eréischt spéit eppes erausfonnt huet. An anere Wieder seet hien domat, datt et eng Entscheedung vu sengem Affekot Michael Cohen war, an net onbedéngt vun him selwer.

Den Donald Trump seet awer weider, datt d'Bezuelunge fir déi zwou Fraen - fir d'Ex-Pornoschauspillerin a fir d'Ex-Model - vun him selwer koumen. Dat heescht, et ware seng eege Suen an net Suen aus der Wahlcampagne selwer. Et mécht awer keen Ënnerscheed, ob dat seng eege Sue sinn, oder déi vu senger Wahlcampagne. Den Donald Trump huet och e puer Tweeten ofgesat. An engem seet hien zum Beispill, datt de Verstouss géint US-amerikanesch Wahlkampfgesetzer an den USA mol kee Verbrieche ass. Dat ass d'Meenung vum Donald Trump. Do huet hie wahrscheinlech onrecht.

Fir de Michael Cohen ass et awer sécherlech e grousse Problem, well hie riskéiert jorelaang an de Prisong ze kommen.

Vun der Spriecherin Sarah Huckabee Sanders hu mir de Mëttwoch ëmmer erëm de selwechte Saz héieren. "De President huet näischt falsch gemaach" an "him gëtt offiziell näischt vun engem Riichter virgeworf". Dat ass bis elo tatsächlech wouer. Déi legal Situatioun an den USA gesäit esou aus, datt de President näischt vun engem Riichter virgeworf ka kréien. An engem gewësse Sënn ass hien also nach ëmmer beschützt an huet näischt falsch gemaach. Dat sinn d'Point de Vuë vum Wäissen Haus. Dat hei ass awer natierlech eng Geschicht, déi wäert nach méintlaang daueren.

Et kënnt jo nach d'Condamnatioun vum Paul Manafort dobäi. Wéi schlëmm kéint et fir den Donald Trump ginn?

Dat huet e bëssen domat ze dinn, wat säi fréieren Affekot elo mécht. Zwou Persoune wäerten entscheeden, wéi schlëmm déi Geschicht fir den amerikanesche President wäert ginn.

Dem Michael Cohen säin Affekot sot verschiddenen amerikaneschen Tëleeschaînen, datt de Michael Cohen genuch Informatiounen huet, déi de Robert Muller kéinten interesséieren. Hien ass déi aner Persoun, déi elo ganz wichteg ass: Hien ass de Spezialenquêteur, deen an der Russland-Enquête esou wichteg ass. Et schéngt, wéi wann de Michael Cohen bereet wier, nach méi iwwer den Donald Trump ze schwätzen an iwwer alles dat, wat hie vläicht iwwer d'Russlandaffär weess. Dat ass natierlech besonnesch geféierlech fir den US-President.

Eng grouss Fro ass natierlech awer: Wat ka mam Donald Trump geschéien? De President kann net verhaft ginn, mee et kéint zu engem sougenannten Impeachment kommen, mee dat ass nach ëmmer eng Fantasie vun den Demokraten. Fir en Impeachment vum Donald Trump misst den US-Senat deem zoustëmmen. D'Republikaner hunn am Moment awer d'Kontroll iwwer de Senat an iwwer d'Representantenhaus.

An de Midterm Wahlen am November misst scho villes sech veränneren, fir datt et iwwerhaapt zu engem Impeachment kéint kommen.

Dës Evenementer stellen op allefalls déi geféierlechst Situatioun duer, déi den Donald Trump als President bis elo gesinn huet.