Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'EU-Kommissioun mécht Greenwashing!"

Aktioun vun Youth for Climate

"D'EU-Kommissioun mécht Greenwashing!"

Ufank Juli ass am Europaparlament de finale Vott iwwert d'Taxonomie. D'Organisatioun Youth for Climate geheit der EU-Kommissioun mat deem wat zréckbehale gouf Onéierlechkeet a greenwashing fir.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


D'Taxonomie ass e Klassifizéierungsinstrument mat deem Aktiounen als nohalteg agestuuft an esou finanziell ënnerstëtzt ginn. Et gouf vill Kritik, wéi d'EU-Kommissioun decidéiert huet, och Gas an d'Nuklearenergie als gréng Energien anzestufen. "D'EU-Kommissioun ass net éierlech" seet dozou d'Selma Vincent vu Youth for Climate.

Mam Ukrainkrich huet d'Situatioun um Energiemaart changéiert. "D'Welt ass nu mol net ideal" stellt d'Selma Vincent fest. D'Kris an der Ukrain géif awer weisen, datt et séier zur Energietransitioun misst kommen, et wier e systemesche Problem. D'Aktivistin seet, et wier schockant, datt een am Joer 2022 nach vu fossillen Energien ofhänkt. Et wier besser all Efforten ze eenen, fir intensiv op erneierbar Energien ze setzen, an do och weider ze kommen. Domat géif een dann och net méi vun autokratesche Leader ewéi dem Wladimir Putin ofhänken, esou d'Selma Vincent.

Si hofft, datt d'EU-Parlament gesäit, datt et Widderstand an der Gesellschaft mee och vu verschiddene Länner, ewéi Lëtzebuerg, gëtt. D'Selma Vincent ass domat optimistesch datt d'Taxonomie nach geännert gëtt.

D'Organisatioun Youth For Climate hat um Samsdeg Mëtteg en Aktiounspiquet op der Place Clairefontaine fir op dësen "Greenwashing" hinzeweisen.