Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'EU muss méi no bei de Bierger sinn"

Comité des régions

"D'EU muss méi no bei de Bierger sinn"

De Comité des régions vun der EU setzt sech dofir an, datt d'Zesummenaarbecht vun de regionalen a lokalen Autoritéiten op europäeschem Niveau gestäerkt gëtt. D'Kohäsiounsfongen ze kierze wier dat falscht Signal, seet de President vum Comité, de Karl-Heintz Lambertz.

auto_stories

2 min

D'EU muss méi visibel, hir Aarbechtsweis méi effikass an novollzéibar fir d'Bierger ginn. Dovun ass de Karl-Heinz Lambertz iwwerzeegt. Nach bis am Februar 2020 steet den däitschsproochege Belsch un der Spëtzt vum Comité des régions.

A sengen Ae muss déi ganz Aart a Weis, wéi Decisiounen an der EU geholl ginn, laangfristeg iwwerduecht ginn.

De President vun der Kommissioun direkt ze wielen, wier ee wichtegen Schratt an Direktioun méi Demokratie. Méi ee staarkt Europaparlament ee weidere Schratt, a lokal a regional Autoritéite musse gestäerkt ginn.

EU-Politik op de lokalen Niveau hiewen

De 751 Europadeputéierte stinn nämlech ronn eng Millioun Politiker, déi um lokalen a regionale Niveau gewielt goufen, géintiwwer. Hinne muss een däitlech maachen, datt d'EU si betrëfft, an net eppes ass, wat zu Bréissel decidéiert gëtt.

"Wenn uns das gelingt, wird Europa ein Erfolg, wenn nicht, werden wir weiter mit zunehmender Europaskepsis zu kämpfen haben".

D'Kohäsiounspolitik ass ee wichtegt Instrument, fir déi verschidde lokal a regional Niveauen zesummenzebréngen, seet de Karl-Heinz Lambertz. Ganz wichteg sinn an deem Zesummenhank déi sougenannte Kohäsioungsfongen, vun deene déi EU-Länner profitéieren, an deenen d'Brutto-National-Akommes op de Kapp bei ënner 90 Prozent vun der Moyenne an der EU läit.

Dat ass den Ament bei 15 Memberlänner de Fall. Ronn 63 Milliarden Euro ginn tëschent 2014 an nach bis 2020 un déi Länner verdeelt. Am nächste pluriannuelle Budget kéinten déi Suen awer däitlech gekierzt ginn. Dat wier ee Feeler, seet de President vum Comité des regions.

Net déi falsch bestrofen

Am Gespréich ass och, EU Suen an Zukunft u Konditiounen ze knäppen - nom Motto, wien zum Beispill Problemer mam Rechtsstaat huet, oder sech net un d'Reegele vum Stabilitéitspakt hält, sollt Fonge gestrach kréien.

Dës Konditionalitéit gëtt am Comité des régions skeptesch gesinn. Natierlech muss et Konsequenzen hunn, wann EU-Suen falsch agesat goufen. Et misst een awer oppassen, net déi falsch ze bestrofen, seet de Karl-Heinz Lambertz

De Regioune Suen ewech huelen, géif an deene betraffene Länner just d'Euroskeptiker stäerken, an dat, sou de Karl-Heinz Lambertz, kéint jo kaum de Sënn vun der Saach sinn.

Allerdéngs hate grad och Politiker, déi den EU-Kritiker eppes entgéint setze wollten, sech dofir staark gemaach, Konditiounen opzestellen. Dat ass ee vun de komplizéierten Dossieren, mat deenen déi nächst Europäesch Kommissioun sech auserneesetze muss.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.