Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU net reforméieren, mee ofschafen

Europawahlen 2019

D'EU net reforméieren, mee ofschafen

D'Europäesch Unioun ass kee Friddensprojet, seet den Ali Ruckert. De KPL-President a Spëtzekandidat bei de Wahle fir dat Europäescht Parlament huet an deem Kontext kritiséiert, datt Frankräich an Däitschland een "neo-koloniale Krich" a Mali géife féieren.

auto_stories

2 min

Ali Ruckert | © Chris Zeien
Den Ali Ruckert ass zanter 19 Joer President vun der KPL

D'EU wier fir d'Interesse vun de Banken an de grousse Konzerner gegrënnt ginn. Well d'Unioun net ze reforméiere wier, ass d'KPL fir d'Opléise vun der EU an hirer aktueller Form.

Eng nei Zesummenaarbecht

D'KPL fuerdert eng Zesummenaarbecht tëschent alle Länner an Europa, déi op Solidaritéit, op sozialer Gerechtegkeet an op enger Politik vum Fridde soll baséieren. Dat wier momentan net de Fall, "well mir stellen ebe fest, datt dat an eng ganz aner Richtung geet. An eng Richtung, déi am Fong net de Salariéen nëtzt, mee hinne schued", esou den Ali Ruckert.

De Spëtzekandidat vun der KPL hält "absolut guer näischt" vun der Duerstellung vu Verschiddenen, datt et dës Kéier "Schicksalswahle" fir d'Europäesch Unioun wieren. Dat wier eng "Propaganda-Formel", esou de President vun der Kommunistescher Partei vu Lëtzebuerg.

"Et geet de Leit net besser"

Déi äerzkonservativ, rietspopulistesch a rietsextrem Parteie wieren duerch d'Politik vun der Europäescher Unioun a vun de verschiddene Regierunge gestäerkt ginn, esou d'Analys vum Ali Ruckert. D'Aschätzung vum Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker bei sengem Bilan gëschter, datt et de Mënschen an Europa eigentlech géif besser goen, mee net jiddwereen et géif mierken, deelt de kommunistesche Spëtzekandidat Ali Ruckert net:

"Jo, den Här Juncker huet an deem Fall gutt schwätzen. Den Här Juncker huet e Monatsakommes vun der Europäescher Unioun garantéiert vun iwwer 32.000 Euro. Dofir musse Leit wäHrend dräi Joer schaffen. An och zu Lëtzebuerg ass jo de Mindestloun mol nach net op 60 Prozent vum Medianloun. Do huet den Här Juncker also gutt schwätzen. Mee ech muss awer soen, et mierkt een awer, datt a ville Länner vun der EU, datt et do de Leit net besser mee méi schlecht geet, datt si vill ënner der Aarbechtslosegkeet leiden, datt d'Aarmut ëmmer méi grouss gëtt och an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg. An do dréit d'Unioun natierlech mat hirer Politik dozou bäi."

D'Kommunistesch Partei huet sech fir d'Wahlen de 26. Mee kee konkret Zil gesat. Bei den Europawahlen 2009 an 2014 hat d'KPL all Kéier ronn 1,5 Prozent vun de Stëmme kritt.

De 64 Joer alen Ali Ruckert huet och ugekënnegt, datt hien um nächste KPL-Kongress an zwee Joer net méi fir de Presidenteposte wäert kandidéieren. Wéini hien als Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek ophält, wier nach net decidéiert. Et géif awer un enger Alternativ geschafft ginn.