Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU spillt mat de Muskelen

Internationalen Handel

D'EU spillt mat de Muskelen

D'EU ass prett, mat eegenen Douanestaxen ze reagéieren, op d'Annonce vun den USA, Stroftaxen op Stol an Aluminium aus dem Ausland anzeféieren. En Handelskrich soll evitéiert ginn, gëtt ëmmer nees betount. An awer gëtt op alle Säite mat de Muskele gespillt. Et ass schwéier d'Konsequenze vun eventuelle Mesuren op béide Säite virauszegesinn.

auto_stories

3 min

Foto: EC, 2014

Op Protektionismus gëtt mat Protektionismus geäntwert. D'EU-Kommissioun envisagéiert Douanestaxen op verschiddene Produiten anzeféieren, déi aus den USA kommen. Dat gëllt fir de Fall, datt d'USA annoncéieren, Stroftaxen op Stol an Aluminium aus dem Ausland z'erhiewen.

D'EU viséiert net nëmmen den amerikanesche Stolsecteur, et geet och ëm T-Shirten, Jeansboxen, Whisky oder verschidde Liewensmëttel wéi Weess, Räis, Mais, Cranberryen oder Orangejus.

D'Lëscht vun de Produiten, déi taxéiert solle ginn, ass laang. Si misst fir d'éischt nach mat de Memberlänner diskutéiert ginn, ier se publizéiert gëtt, sot d'EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström e Mëttwoch zu Bréissel.

Et wéilt een awer dofir suergen, datt déi europäesch Konsumente sou mann wéi méiglech ënnert de Mesurë leiden.

"Bei engem Handelskrich ginn et keng Gewënner"

"Mir hu kloer gemaacht, datt déi amerikanesch Mesuren der EU schuede géif", sot d'Cecilia Malmström. "Dausende vun europäeschen Aarbechtsplaze wieren a Gefor. An dorop musse mir eng kloer Äntwert ginn."

En Handelskrich soll evitéiert ginn, dat gouf ëmmer nees betount. D'EU wéilt de-eskaléieren, sou d'Cecilia Malmström. Et wier allerdéngs den Ament schwéier ze soen, wat geschéie wäert, huet d'Kommissärin zouginn. "Mir hoffe wierklech, datt et net zu engem Handelskrich kënnt, well do gëtt et keng Gewënner."

D'USA hate vun Douanestaxe vu 25 Prozent op Stol geschwat. Et gouf ausgerechent, wat dat d'EU géing kaschten. Genee souvill wëllt een duerch eegen Taxen nees erakréien.

"Géigemesurë bréngen ArcelorMittal näischt"

Allerdéngs ass et net einfach, eng genee Rechnung opzestellen. Eventuell europäesch Géigemesurë géifen ArcelorMittal "direkt guer näischt" bréngen, seet de Member vum Verwaltungsrot vum Stolkonzern, Michel Wurth. D'Lëtzebuerger Ekonomie géif ferm verléieren. Dat ze chiffréiere wier awer och schwéier.

D'ganz europäesch Stolindustrie ass touchéiert, seet de Matteo Rigamonti vun Eurofer, der europäescher Organisatioun vun de Stolproduzenten.

Eurofer geet dovun aus, datt fënnef Milliounen Tonne Stol betraff wieren, déi net méi an d'USA exportéiert géifen.

Mä net nëmmen déi europäesch Produzente missten aner Marchée sichen. Et ass domat ze rechnen, datt am Ganzen 20 bis 25 Milliounen Tonne Stol manner géifen de Wee an d'USA fannen. "Dat heescht, si missten anzwousch anescht verkaf ginn", sou den Matteo Rigamonti.

Weltwäit Iwwerproduktioun

Iwwert d'Ursaache vun där Kris ass ee sech eens. Et gëtt weltwäit méi Stol produzéiert, wéi gebraucht gëtt. "All Land muss Mesuren huelen, fir dee Problem ze léisen", ass de Matteo Rigamonti iwwerzeegt.

China ass do ee wichtege Facteur, mä net nëmmen. Och d'USA selwer kämpfe mat deem Problem, erkläert den Expert vum Bruegel Thinkhank, André Sapir. Et wier ee sech awer net eens, wéi ee reagéiere soll.

"An den amerikaneschen Administratiounen ginn et verschidde Richtungen", sou den André Sapir. "Verschidde Vertrieder warne virdrun, datt ee sech mat Stroftaxen op de Wee an en Handelskrich mécht."

Sou wäit si mir och nach net. Am Moment gëtt mat de Muskele gespillt. Op alle Säiten.