Europawahlen 2019 D'Europäesch Traitée mussen a Fro gestallt ginn

D'Europäescher Unioun stécht an enger schwéierer Kris. A fir se ze retten, muss ee radikal Léisungen envisagéieren. Dozou gehéiert et och d'Europäesch Traitéen a Fro ze stellen. Där Meenung ass den Emmanuel Maurel. De Fransous ass Kandidat vun der France insoumise fir d'Europawahlen. Et muss een an der EU fir een anere Rapport de force suergen, fënnt hien a setzt sech och fir een ekonomesche Patriotismus an.

Danièle Weber / cbi

Emmanuel Maurel
Den Emmanuel Maurel ass Kandidat bei der France insoumise. Foto: EP / Fred Marvaux

Den Emmanuel Maurel ass am Europaparlament Member vun der Kommissioun fir den internationalen Handel am Europaparlament. Dës Woch hunn d'EU-Memberlänner der Europäescher Kommissioun gréng Luucht gi fir mat den USA iwwer ee limitéierten Handelsaccord ze verhandelen. Domat ass den Emmanuel Maurel net d'accord.

Macron huet säi Ruff net verdéngt

Trotzdem huet hie sech net doriwwer gefreet, datt Frankräich als eenzegt Land géint dat Mandat gestëmmt hat. Senger Meenung no huet den President Emmanuel Macron dat just gemaach, well hie wousst, dat all déi aner dofir géife stëmmen.

Fir den Emmanuel Maurel kënnt de fréieren TTIP hei duerch d'Hannerdier erëm.

" Monsieur Juncker dit, il faut augmenter les droits de douanes pour les exportations, notamment les voitures. Et quelle est la seule réponse de l'Union Européenne, alors qu'on se fait quand même taper dessus par les Etats Unis, il n'y a pas d'autres mots. Ben renégocions le TAFTA. C'est le retour du TAFTA Zombie. Moi, je trouve cela insupportable et je trouve très grave que les états membres aient pu faire passer une décision à la fin d'un mandat au moment où les opinions sont quand même circonspectes par rapport à l'Union Européenne à un moment où plus personne ne croit à ce message selon lequel l'Europe va protéger les salariés et les entreprises européennes, il faudrait leur donner des preuves. On fait exactement le contraire. "

De franséische President huet säi Ruff als een, dee sech konsequent fir europäesch Reformen asetzt, net verdéngt, fënnt den Emmanuel Maurel. De Problem géif och net dra bestoen, datt aner Länner hie fale gelooss hätten.

" Monsieur Macron se contente de parler, mais rarement d'agir. Il y a un moment où il faut créer les conditions du rapport de force. Notamment avec l'Allemagne et avec la droite allemande, qui est particulièrement dure en cette fin de mandat. Or c'est toujours pareil avec Emmanuel Macron et c'était déjà le cas hélas avec François Hollande, c'est que le ton monte. Et à ce moment-là eux assument leur rapport de force et les Français ne le font pas et c'est cela que je regrette. "

Radikal Léisungen als Auswee aus der Kris

"Mir sinn an enger Situatioun an där Europa zesummebrieche kann", seet den Emmanuel Maurel. Dowéinst misst een zu radikale Mëttel gräifen an och envisagéieren, d'europäesch Traitéen ze änneren. Nëmmen esou kéint Europa gerett ginn.

" Moi je pense qu'on n'a plus d'autres solutions que des solutions radicales. Et cela ça passe par la mise en cause des traités actuels, qui nous mènent droit dans le mur. Et je le répète d'autant plus que moi je suis un européen convaincu. Je pense que l'unification politique du continent c'est une grande et belle idée, sauf qu'aujourd'hui ce n'est que l'Europe du marché qui compte. L'Europe au service du profit, de la rente et c'est navrant."

Wann een deem entgéint wierke wëllt, muss een dofir suergen, datt Europa nëtzlech fir d'Leit ass.

Dem Emmanuel Maurel no muss een d'Roll vun der Europäescher Zentralbank a Fro stellen, si hätt ze vill Handlungsspillraum. Dernieft sollt een déi ëffentlech Investitioune relancéieren amplaz sech just un de Stabilitéitspakt ze halen.

" Ma conviction c'est que pour sauver l'Europe, il faut être capable de renverser la table, c'est-à-dire procéder à des ruptures qui soient radicales. Or les dirigeants européens pensent qu'on peut continuer comme avant, la méthode des petits pas, des compromis fades, voir des capitulations, comme on le voit avec Monsieur Trump. Moi je pense que cela ne rend pas service à l'Europe. Pour sauver l'Europe il faut procéder à des ruptures fortes. Et cela passe notamment par la remise en cause des traités européens qui aujourd'hui posent des problèmes dans tous les domaines. "

D'Äntwert op d'Kris ass net onbedéngt europäesch

Fir den Emmanuel Maurel ass d'Äntwert op déi Kris awer net onbedéngt eng europäesch. De Fransous huet a Frankräich d'Campagne "Fabriqué en France" lancéiert, wou hie sech fir franséisch Produzenten asetzt. Hie schwätzt och vun engem "Patriotisme économique". Op d'Fro, ob dann elo all EU-Land seng eege Campagne lancéiere sollt, sot hien, et wier duerchaus och wënschenswäert, datt Lëtzebuerg säi "Made in Luxembourg" ënnerstëtzt.

Op d'Fro, ob een dann aus der EU eraustriede sollt, sot den Emmanuel Maurel, et misst een en anere Rapport de force kréien. Eent wier sécher, datt et ouni Frankräich keng EU kéint ginn, an datt d'EU net kéint just een "Hinterland" fir Däitschland sinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Sophie in ‘t Veld
Europawahlen 2019

D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld.

Manfred Weber
Europawahlen 2019

De Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei seet, hie wéilt net mat rietspopulisteschen a rietsnationalistesche Parteien zesummeschaffen. Mat deene kéint een nämlech keen neit Europa opbauen.

Philippe Lamberts
Europapolitik

De belschen Europadeputéierte Philippe Lamberts hat 2014 am Europaparlament fir de Jean-Claude Juncker gestëmmt, mee géint seng Kommissioun. Hie weist sech awer enttäuscht vum Lëtzebuerger.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Een Thema, e Buch - Paul Auster - Moon Palace

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen