Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - Light Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fangeren ewech vum Index

Zäithistoriker

D'Fangeren ewech vum Index

Dacks ugekënnegt, mee nach ëmmer net do: No de neiste Berechnunge soll déi nächst Indextranche am éischten Trimester 2017 erfalen, huet de Statec matgedeelt. Méi wéi dräi Joer no der leschter. Eng Geschicht vun dëser sozialer Conquête.

auto_stories

10 min

Denis Scuto

Den Zweete Weltkrich hëlt eng grouss Plaz am kollektive Gediechtnis an. Nom Krich ass do ronderëm souguer e Grënnungsmythos geschaf ginn. Fir ze erklären firwat Lëtzebuerg seng Plaz ënnert den demokrateschen Natiounen verdéngt huet. E Mythos wou Resistenz a Märtyrertum am Mëttelpunkt stinn. Eng national Story mat dräi Schlësselmomenter, déi iwwer Medien a Commemoratiounsfeieren zënter dem Krich verfestegt goufen: den Ofrëss vun der Gëlle Fra am Oktober 1940, d’Volkszählung vum 10. Oktober 1941, de Streik vum 31. August 1942. Dräi Evenementer aus den dräi éischte Krichsjoren, fir esou ze maachen, wéi wa vun Ufank un e ganzt Land sech géint den Okkupant gewiert hätt.

D’Erkenntnisser vun der historescher Fuerschung zënter den 1970er Joren hunn dat Bild staark relativéiert an nuancéiert. Wéi de Gauleiter Simon seng Politik vu Germaniséierung an Nazifizéierung versicht huet duerchzezéien, war Widderstand de Fait fir d’éischt - ebe bis zum Streik vun 1942 an zur Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht - vun enger Minoritéit. Vill hunn ofgewaart oder sech mat der Situatioun resignéiert offonnt, anerer hunn sech der neier Uerdnung ugepasst, an der Hoffnung, eppes fir sech erauszeschloen. Eng Minoritéit vu Lëtzebuerger huet sech komplett zu Nazidäitschland bekannt. Och wa mir laang den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg als e Block vermëttelt kruten, hunn all dës Haltungen och staark evoluéiert: d’Haltung vun de Lëtzebuerger Bierger a Biergerinne war a ganz ville Fäll net déi selwecht 1940 an 1941 wéi 1943 oder 1944.

Ënnert der Okkupatioun

Aleedend zur Chronik vun haut wollt ech op en Episod agoen, dee komescherweis oder bezeechnenderweis ni an déi grouss national Story opgeholl gouf. Obwuel et duerchaus als Aschnëtt an der däitscher Besatzungspolitik kann ugesi ginn, wéi de Vincent Artuso et an senger Dokteraarbecht iwwer Kollaboratioun zu Lëtzebuerg gewisen huet.

Den 1. Oktober 1940 féiert de Gauleiter Gustav Simon d’Verordnung an, “die die formellen Voraussetzungen zur Angleichung der Preise, Löhne und Gehälter an die des Deutschen Reiches schafft”. A senge Versich, d’Aarbechter fir déi nei Uerdnung ze gewannen, war de Gauleiter iwwerzeegt, déi Mesure géif gutt ukommen. Well en Aarbechter an Däitschland méi verdéngt huet. Mee en huet net beduecht, dass d’Präisser nach e gutt Stéck méi deier an Däitschland ware wéi déi zu Lëtzebuerg. A wéi d’Zivilverwaltung wéi d’Patrone refuséiert hunn, déi Lëtzebuerger Léin un d’Präisdeirecht unzepassen, dat heescht d’Indexéierung vun de Léin ze respektéieren, déi just virum Krich grad eréischt an der Stolindustrie agefouert gi war, do hu grad d’Aarbechter den Naziversprieche vun der Verbesserung vun hirer materieller Lag net méi sou richteg gegleeft.

D’Effektiver vun der Volksdeutschen Bewegung, déi bis September 1940 konstant op mëttlerweil bal 9.000 Persoune gewuess waren, hunn am Oktober net méi am selwechte Mooss progresséiert. De Vincent Artuso gesäit do en direkten Zesummenhang mam Réckgang vun der Kafkraaft vun den Aarbechter. Et koum och zu Protestbewegungen an de Betriber an an de Minettstied. Am Februar 1941 krut d’Stad Esch eng Strof vun 10 Millioune Frang ugedrot, wann nach eng Kéier, wéi an de Woche virdrun, antidäitsch a prodäitsch Aarbechter unenee géife geroden. Am Géigesaz zum aneren Evenement vum Oktober 1940, dem Ofrëss vun der Gëlle Fra an d’Protester géint dësen Akt, goufen d’Konsequenzen vun der Verordnung vum 1. Oktober 1940 awer net en Deel vum Master narrative.

Wann Historiker amplaz oder nieft dem nationale mol méi dacks de soziale Brëll géifen undoen, wier esou muenches méi einfach ze verstoen, zum Beispill firwat de Gauleiter vun Oktober 1940 un op Repressioun setzt, andeems e Lëtzebuerger Institutioune wéi d’Chamber an de Staatsrot opléist, d’Gëlle Fra ofrappe léisst a vun do u mat Dreeungen operéiert, fir d’Lëtzebuerger an d’VdB ze kréien. Et vergräift een sech och als Gauleiter net ongestrooft un der Kafkraaft vun de Leit an un engem Acquis social, deen se garantéieren hëlleft.

Eng vun de wichtegste soziale Conquêten aus dem 20. Joerhonnert

D’Indexéierung vun de Léin a Gehälter ass eng vun de wichtegste soziale Conquêten aus dem 20. Joerhonnert. D’Haaptzil ass fréier wéi haut d’Erhale vun der Kafkraaft vun de Leit. Et goung a geet och drëms, all Lounofhängegen eng Revaloriséierung vun sengem Akommes ze garantéieren an Zäiten, wou d’Liewe méi deier gëtt.

Den éischte System vu mobiler Lounskala ass zu Lëtzebuerg nom Éischte Weltkrich agefouert ginn. 1921, fir méi genee ze sinn, fir d’Eisebunner a fir d’Staatsbeamten. An engem Kontext vun héijer Inflatioun. Während d’19. Joerhonnert, op d’mannst an eise Géigenden, bal keng Inflatioun kannt huet, louch se vun 1900 bis 1914 bei 3,5% am Joer. Mee vun 1914 bis 1921 hunn d’Präisser ëm 20% pro Joer zougeluecht a vun 1921 bis 1930 ëm 9% pro Joer. Hannert dësen dréchenen Zuele verstoppt sech Honger a Leed.

Am Privatsecteur sinn et, wéi esou dacks, d’Pionéier vun der Buchdrockergewerkschaft, déi den Index als éischten 1923 an hire Kollektivvertrag aschreiwe gelooss hunn. 1927 krut d’Gemengepersonal d’Indexéierung vun de Léin zougestanen. Et huet bis 1937 gedauert, bis d’Aarbechter an der Schwéierindustrie se konnten zum Bestanddeel vun hire Kollektivverträg maachen. Déi ganz drësseger Joren ass dofir gekämpft ginn, vun der gewerkschaftlecher Lounkommissioun tëscht Bierg- a Metallaarbechterverband (BMIAV), Virleefer vun LAV an OGBL, an dem LCGB an hire Verhandlunge mat Patronat a Regierung. Den Drock vun der Strooss, mat der Manifestatioun vun de 40.000 an der Stad den 12. Januar 1936 an e Biergaarbechterstreik am Juni-Juli 1936 waren awer och noutwendeg fir dës Mesure duerchzeboxen.

Bei all Kris a Fro gestallt

No der neier Uerdnung vum dausendjärege Reich, dat knapps méi wéi e Joerzéngt gehalen huet, gouf zu Lëtzebuerg no der Liberatioun nees en neie Regime proklaméiert, ronderëm d’Zauberwuert Demokratie, mee och ronderëm dat neit Ideal vu sozialer Sécherheet. An do krut den Index zu Lëtzebuerg eng Éiereplaz. Den 1944 agefouerten Mindestloun gëtt vun 1951 un den Index ugepasst. An de Wuerekuerf kommen 1948 d’Kleeder, d’Elektrescht, Tubak an - démocratie oblige - och d’Zeitunge bäi. Vun 1965 un muss d’Indexéierung an all Kollektivvertrag ageschriwwe ginn. 1975 gëtt d’échelle mobile des salaires schliisslech Realitéit fir all Léin, Gehälter, a Pensiounen am privaten an am ëffentleche Secteur. Mat Indextranchen, déi zënter 1972 fälleg sinn, bei Präisdeirecht vu Plus 2,5%.

Historesch genee esou interessant ass, dass dës Conquête bei all Kris nees a Fro gestallt gëtt. Am Kader vun der Weltwirtschaftkris vun den 1970er Jore gëtt de grad generaliséierten Index relativéiert. E Gesetz gesäit vir, dass bei Aggravatioun vun der wirtschaftlecher a sozialer Lag dëst Instrument ugepasst an d’Zuel vun ausbezuelten Indextranche limitéiert ka ginn. Hei muss natierlech drun erënnert ginn, dass bis dohinner 2-3 Indextranchen d’Joer d’Normalitéit waren. Wäit ewech vun eisen haidegen Niddreginflatiounszäiten: Zënter 1992 kenne mer nëmme Jore mat enger Indextranche oder guer keng, wéi 1996, 1998 an déi dräi lescht Joren.

Et kënnt dann och an de Joren 1981-1984 zu sougenannten Indexmanipulatiounen, andeems eng Maximaltranchenzuel pro Joer festgesat gouf. Wéi am Krich ass awer de Präis fir déi Netupassung un d’Präisdeirecht politesch héich. D’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur organiséieren de virleefeg leschte Generalstreik an der Geschicht vum Land, de 5. Abrëll 1982. An zwee Joer drop fält, och dowéinst, d’CSV-DP-Regierung. Déi nei schwaarz-rout Koalitioun féiert den automateschen Indexéierungssystem nees huerteg an.

Keng Gesamtlounpolitik, déi Kompetitivitéit a Fro stellt

Dono war et bal zwee Joerzéngte roueg, während de “Vingt Splendides” vum exzeptionelle Lëtzebuerger Wirtschaftswuesstem. D’Attacke géint den Index koumen dono am Kader vun der transnationaler neoliberaler Campagne géint de Sozialstaat, där natierlech e soziaalt Instrument, dat nëmmen e Grapp voll Länner applizéieren – an der EU nieft Lëtzebuerg nach d’Belsch an Zypern - en Dar am A ass. Dësen neoliberalen Discours, ronderëm Stéchwierder wéi Kompetitivitéit, huet eis duerch seng Omnipräsenz seng Visioun vun der Realitéit opgedrängt. Och wann dës Visioun näischt mat der Realitéit ze dinn huet.

Den Index gehéiert zu Lëtzebuerg net zu enger Gesamtlounpolitik, déi Kompetitivitéit a Fro stellt. En ass am Géigendeel agebett an eng Politik vu salarialer Moderatioun, déi d’Haltung vun de Sozialpartner zënter 40 Joer charakteriséiert. An de meeschten europäesche Länner, sinn, am Géigesaz zu dësem neoliberalen Discours, d’Lounerhéijungen à la traîne par rapport zu de Produktivitéitsgewënner.

Mat esou Discourse gouf den Terrain preparéiert fir bei der nächster Kris, esouwéi no 2007, déi nächst Attack géint den Index ze reiden. Al Rezepter wéi d'Plafonnéiere vum Index, schonns an den 1980er Joren en Thema, goufen aus dem Tirang geholl. Nees gouf d’Zuel vun den Indextranche limitéiert, dës Kéier op eng pro Joer. Nees huet dofir awer och den Index eng Roll gespillt am Wahlkampf 2013. Den deemolegen OGBL-President, Jean-Claude Reding, huet opgeruff net d’CSV ze wielen, well déi d’Fuerderung vum op e bestëmmte Loun plafonnéierten Index an hirem Wahlprogramm hat.

Zënter 2013 kennt d’Land nees en exzeptionelle Wuesstem an den ëmmer erëm zënter 2000 anscheinend zum Dout condamnéierten Lëtzebuerger ekonomeschen a soziale Modell trotzt dem neoliberale Storytelling. Déi nei Regierung huet den normale Fonctionnement vum Index retabléiert. Wat momentan zu wéineg engagéiert. Wéinst der extrem niddreger Inflatioun ass fir d’éischte Kéier zënter 1963 dräi Joer hannereneen keng Indextranche erfall.

Mee anscheinend ass se d’nächst Joer fälleg. An da geet d’Campagne géint den Index nees lass. Am Numm vun nobele Wäerter, vun den nächste Generatiounen, vun der Nohaltegkeet vu Wirtschaftswuesstem, vun europäescher Solidaritéit. A vläicht hunn dës nächst Generatiounen enges Daags sou wéineg historescht Bewosstsinn, dass se op dës Campagnen erafalen.