Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fakear - All Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Finanzéierung vum Wahlkampf reforméieren

Chamberwahlen 2018

D'Finanzéierung vum Wahlkampf reforméieren

D'Parteie sollen an Zukunft d'Wahlkampfkäschte fir d'Chamberwahlen a fir d'Europawahle separat rembourséiert kréien. Eng entspriechend Gesetzespropositioun gouf elo deposéiert a gëtt vun alle Parteien an der Chamber gedroen. D'Montanten, déi rembourséiert ginn, bleiwen déi selwecht.

auto_stories

2 min

Hannergrond ass, datt Chamber- an Europawahlen zanter de virgezunnen Neiwahle vun Oktober 2013 net méi dee selwechten Dag sinn. Well de Remboursement aktuell un d'Resultat bei béide Wahle gebonnen ass, koumen eenzel Parteien no de leschte Chamberwahlen a Finanzéierungsengpäss, esou den LSAP-Deputéierten Alex Bodry op Nofro hin.

D'Reform kéim och de klenge Parteien ze gutt, déi fir ee Remboursement net méi bei zwou Wahlen d'Critèrë mussen erfëllen.

Eng aner Finanzéierung vum Wahlkampf

Den Alex Bodry mengt och, datt doriwwer eraus eng Reform vun der Wahlkampffinanzéierung kéint néideg sinn. D'Campagne fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober hätt ee Changement mat sech bruecht an der Aart a Weis, wéi eenzel Parteien a Kandidate sech verhalen, esou den Alex Bodry. Eenzel Kandidaten hätten hir Wahlcampagne matfinanzéiert, an et misst een elo kucken, wéi een dee Phenomen besser kéint encadréieren.

Den Ament géif et fir dës Situatioun guer keen Encadrement ginn. Eppes, wat de GRECO vum Europarot schonn opgeworf huet, wéi si d'Gesetzgebung iwwer de Finanzement vun de Parteien analyséiert hunn.

Sozial Medien änneren de Wahlkampf

Grad an engem Wahlkampf, dee staark iwwer déi sozial Medie gefouert gouf, sinn d'Kandidaten tentéiert, selwer Publicitéit ze finanzéieren. Et géif awer keng einfach Léisunge ginn, fir d'Gesetz unzepassen, mengt den LSAP-Deputéierten. "Et gëtt kee gudde System, ech kenne kee perfekte System." All déi Länner, déi ugefaangen hunn dat ze reglementéieren, hätten all kéiers no e puer Joer missten noschéissen. Do wou ee gesäit, datt do "eng Gefor mat de Grondreegelen" besteet, déi Lëtzebuerg sech ginn huet, da missten d'Texter do geännert ginn.

Där Meenung ass och den neien Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement. Seng Partei hätt all hir Kandidaten opgeruff, esou Depensen ze mellen: Dës ginn da rembourséiert, respektiv als Don verbucht a ginn deemno an de Parteikonten oppegeluecht. Och d'Participatioun vun de Vertrieder vun der Organisatioun Wee 2050 op der Lëscht vun der ADR geheit nei Froen op. Wann ee wierklech Transparenz wéilt hunn, da misst een och d'Comptabilitéit vun deenen Associatiounen, déi déi Leit designéiert hunn, matgekuckt ginn, mengt den Alex Bodry.

Datt ee Gremium scho während dem Wahlkampf d'Anhale vun de Reegele misst kontrolléieren, hält den Alex Bodry net fir sënnvoll. D'Kontroll kéint sënnvoll an uerdentlech just nodréiglech gemaach ginn.