Educatioun a Fuerschung D'Gehir besser verstoen, fir besser Schoul ze halen

Eng ganz Partie Leit kennen dat Gefill, wa Mathematik engem schwéier fält. Dat Gefill ass een Zeechen, datt d'Gehir am gaangen ass, sech z'entwéckelen, seet de Steve Masson, Professer op der Universitéit vum Québec zu Montréal. Hien ass bekannt fir seng Aarbecht am Beräich vun der Neuro-Educatioun a war fir eng Konferenz mam Titel "D'Gehir besser verstoe fir besser Schoul ze halen" zu Lëtzebuerg. Zil war et, fir Léierstrategien ze vermëttelen, déi un de Fonctionnement vum Gehir ugepasst sinn.

Françoise Keller / cz

IRM Gehir Scan

"Fänk éischter u mat léieren. Léier net alles beieneen, verdeel dat Ganzt e bëssen. Schlof eng Nuecht driwwer. Léier net moies fréi am Bus. Dës Léierwäisheete ware scho gewosst, mä de Steve Masson huet déi elo wëssenschaftlech bewisen", seet een Enseignant aus dem Lycée Aline Mayrisch. Déi opgezielte Strategië fir besser ze léieren, resüméieren d'Konklusiounen iwwert d'Relatioun tëscht dem Fonctionnement vum Gehir a Léierprozesser, déi de kanadesche Professer fir Didaktik an Neuro-Educatioun Steve Masson am Forum um Geesseknäppche presentéiert huet. De Lycée Aline Mayrisch, den Institut Français, d'Uni Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Associatioun vun de Freelance-Professeren haten de Fuerscher invitéiert.

D'Gehir verännert sech, wann ee léiert, seet de Steve Masson. Dat géife Studie vun de 90er Joren u beleeën. Fir d'Etüden hunn d'Fuerscher op den IRM zréckgegraff - e medezinescht Instrument, dat duerch magnéitesch Vibratioune prezis Biller vum Kierper realiséiert. Den IRM géif et erméiglechen, d'Aktivitéite vum Gehir opzezeechnen.

Pedagogesch Approche u Gehirentwécklung upassen

Doduerch kéint een net nëmme gesinn, wéi d'Aktivitiéit vum Gehir sech ännert, wann ee léiert. Et kéint een zousätzlech den Impakt vu verschiddene pedagogeschen Approchen iwwerpréiwen. Fir Enseignante wieren dat wichteg Erkenntnisser, sou de Steve Masson. Doraus kéint ee Réckschlëss iwwer d'Auswiel an d'Efficacitéit vun de pädagogeschen Approchen zéien, an dës op d'Evolutioun vum Gehir upassen.

Fir dat z'erreeche missten dem kanadesche Professer no fir d'éischt emol Neuronen am Gehir méiglechst dacks zesummen opgeruff ginn, fir sech ze verknëppen. Op dës Aart a Wéis géif sech dat Geléiert festegen. Et muss een also eppes üben, fir et besser ze beherrschen. Dat géif awer net passéieren, wa Schüler dauernd dat Selwecht géife widderhuelen.

D'Gehir reegelméisseg fuerderen

Wann d'Gehir bannent enger kuerzer Zäitspan ëmmer nees déi selwecht Operatioune misst duerchféieren, géif et sech ausschalten, sou de Fuerscher. Et misst een d'Schüler deemno a reegelméissegen Ofstänn dozou bréngen, fir dat Geléiert an hirem Gediechtnes erëmzefannen. Zum Beispill a Form vun Tester, wéi eng Etüd beleet, esou de Steve Masson.

Wat d'Schüler méi Tester géife maachen, wat si hiert Gehir méi benotze missten. Dobäi wier et och net wichteg, ob si wéissten, datt et just en Test ass oder net. Schüler géifen dacks mengen, datt si eng bestëmmte Matière besser verhalen, wa si alles beienaner léieren. Et wier awer méi sënnvoll a reegelméissegen Ofstänn op eng Matière zeréckzekommen, mengt de Steve Masson. D'Schüler géifen d'Matière och manner séier vergiessen, wa si se a reegelméissegen Ofstänn léiere géifen. Mä och wuertwiertlech "iwwert eppes schlofen" géif hëllefen, fir dat, wat ee geléiert huet, ze festegen.

Am Schlof géif et quasi automatesch Aktivatioune vum Gehir ginn. Et misst een natierlech Efforte maachen, fir eppes bäizeléieren. Schlofen an eppes bäiléieren géif nëmme fonctionnéieren, wann ee sech am Viraus och mat enger Matière auserneegesat hätt. Dat wéilt allerdéngs net heeschen, datt d'Schüler hir Coursen ophuelen an am Schlof lauschtere sollen, sou de kanadesche Professer fir Neuro-Educatioun. Et kéint een am Schlof och näischt Neies léieren.

D'Gehir passt sech sengen Aufgaben un

Et ass méiglech, datt een net gutt an der Mathe ass, sou de Steve Masson. Mä dat misst een net als Fatalitéit betruechten. Dat Gefill ass een Zeechen, datt d'Gehir am gaangen ass, sech z'entwéckelen, seet de Steve Masson. Et misst ee mat de Schüler doriwwer schwätzen, datt d'Gehir maleabel ass, an datt Intelligenz net fix wier. De Steve Masson nennt d'Beispill vu Schüler, déi wéinst der Mathematik struewelen. Dëse Schüler géif et net hëllefen, wann een hinne seet: "Maach dech net geckeg, du wäers et schlussendlech fäerdegbréngen." Wa si et dann net géife fäerdegbréngen, wäerte si sech soen: "Dat ass, well ech keen Drot zur Mathematik hunn." Enseignante sollten dofir hire Schüler heiansdo subtil Message ginn, mengt de Steve Masson. Et kéint een zum Beispill soen: "Wann dir léiert, dann ännert sech äert Gehir. Dir sidd am gaangen, äert mathematescht Gehir z'entwéckelen."

Richteg Motivatioun ass wichteg

Vill méi misst ee Feedback ginn, deen am Sënn vun enger dynamescher Konzeptioun vun der Intelligenz ass. Een Aspekt, deen den Thomas, Papp vun engem 13-jährege Meedchen, vun der Konferenz zréckbehalen huet. Wann een de Kanner op eng positiv Aart a Weis géif erklären, datt d'Denkvirgäng sech kéinten änneren, kéint dat fir eng aner Grondstëmmung suergen, déi dozou féiert, datt Kanner méi oppe wieren, fir Verschiddenes ze léieren.

An der Praxis géif een allerdéngs heiansdo vergiessen, fir d'Schüler richteg z'encouragéieren, mengt d'Letitia, eng Franséischproff. Et misst ee seng al Reflexer analyséieren. Vill Enseignanten hätten d'Tendenz, sech falsch auszedrécken, wat d'Schüler géif decouragéieren.

No der Konferenz hu sech fir een Enseignant aus dem Lycée Aline Mayrisch awer nach eng Rëtsch Froen gestallt. Virun allem wat d'Motivatioun vun de Schüler betrëfft. Et wier elo gewosst, wéi een et de Schüler erméigleche kéint eppes ze léieren, esou een Enseignant. Wéi eng genee Motivatioun beim Schüler dohannert stécht, wéisst een awer nach net. Dës Grënn kéinten och net an engem Debat vun zwou Stonne gekläert ginn, mä eventuell am Kader vun enger weiderer Konferenz.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Marc Barthelemy & André Michaux
Secondaire

D'Debouchéë vun der E-Sektioun wiere keng "hongerleidend Kënschtler", betount de Marc Barthelemy vum Schoulministère. Et wier wichteg, datt d'Sektioun eescht geholl gëtt an net op Clichéë reduzéiert gëtt.

Inclusioun a Maison Relais
Maison Relais

Zu Beetebuerg soll am Hierscht eng nei "inklusiv" Maison Relais opgoe fir ronn 80 Kanner. E Véierels vun de Plazen ass fir Kanner mat spezifesche Besoine virgesinn.

Claude Meisch Exklusiv
Educatiounsministère

Nom Fall Michel Lanners wëll den Educatiounsministère senge Beamte schrëftlech versécheren, datt si sech och an Zukunft politesch kënnen engagéieren – egal a wéi enger Partei. An datt dat wënschenswäert wier.

Gesetz
Affär "School Leaks"

D'Geriicht huet argumentéiert, déi Ugekloten am "School Leaks"-Prozess hätten net géint d'Beruffsgeheimnis verstouss. Den Educatiounsministère war Partie civile am Prozess a gesäit dat anescht.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen