Grondsätzlech gesäit de Mobilitéitsminister d'Trottinette positiv: Fir de François Bausch si se eng Ergänzung souwuel am ëffentleche wéi och am individuelle Verkéier: "Sou Gefierer kann ee benotze fir zum Beispill, wat een nennt de leschte Kilometer ze maachen, deen engem dacks feelt, wann ee mam Zuch oder mam Tram iergendzwousch hifiert."
De Code de la route upassen
Ganz ongeféierlech sinn dës Trottinetten, déi den Ament op 25 Kilometer an der Stonn gedrosselt sinn, awer net. Dowéinst misst de Code de la route och weider ugepasst ginn, sou de François Bausch.
Et misst ee sech der Vitesse bewosst sinn an d'Leit sollten drop opmierksam gemaach ginn, wéi een domat soll fueren. Momentan géif et awer eng Reglementatioun ginn: d'Trottinette géife wéi Vëloen ugesi ginn an dierften deemno just do fueren, wou een och mam Vëlo dierft fueren.
Bis dës Verännerungen am Code de la route kommen dierft et awer nach e bëssen daueren. Den Ament géif nämlech eng europäesch Direktiv zum Thema ausgeschafft ginn, déi méi konkret Standarde sollt festleeën.
Bis elo keng Subventioune fir Trottinetten
D'Gesetzgebung zu Lëtzebuerg misst sécherlech nach eng Kéier ugepasst ginn, seet de François Bausch. Momentan ginn d'Trottinetten net vum Staat gefërdert, well ee soss eppes géif fërderen, mat deem een d'Leit "an de Risiko" géif schécken, well déi Trottinette ganz séier géife goen.
D'Firma Troty, déi schonn zu Bréissel e Service fir elektresch Trottinetten ubitt, hat eng finanziell Ënnerstëtzung ugefrot fir dës Offer och op Lëtzebuerg ze bréngen. Dem Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg Patrick Goldschmidt no wier dës Ufro awer refuséiert ginn.
Detailer mam Léo Kirsch: