Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gesetz vum Filmfong soll geännert ginn

No Kriticke vum Rechnungshaff

D'Gesetz vum Filmfong soll geännert ginn

Zwou an eng hallef Stonne laang huet déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun sech de Méindeg Mëtteg mat de Responsabele vum Filmfong - dem Direkter Guy Daleiden an der Presidentin Michèle Bram - iwwer de Rapport vun der Cour des Comptes ausgetosch. De Rechnungshaff hat doran eng Rei Kriticke formuléiert, an haaptsächlech déi (a sengen Aen) ze staark Positioun vum Direkter a Fro gestallt.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Et wier ganz normal, datt d'Deputéiert sech an Zesummenhang mat deem Rapport Froe gestallt hätten. A grad esou normal wier et, datt hien drop äntwere géif, sot de Guy Daleiden no der Reunioun.

"Et ass jo keng Geriichtsverhandlung gewierscht, an ech gi jo net dervun aus, dass eis Lëtzebuerger Deputéiert à charge vun engem Beamten oder senger Administratioun funktionéieren."

Nach ass et esou, datt d'Cour des Comptes net alles richteg fënnt, wat am Filmfong gelaf ass.

Dofir wier ee sech och eens ginn, datt dat aktuellt Gesetz misst ëmgeännert an nogebessert ginn, sou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Diane Adehm (CSV). Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch huet d'Eenegkeet tëscht Majoritéit an Oppositioun an deem Punkt confirméiert. Vertraue wier gutt, Kontroll wier besser. Hie wier zefridden, datt schonn un Ännerunge geschafft géif ginn.

D'Oppositioun fuerdert séier Ännerungen

Dat hat de Medieminister Xavier Bettel rezent an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro geschriwwen. D'Kommissioun géif elo och gär vum Mediëminister wëssen, wou hie konkret mam Projet de loi dru wier, seet d'Diane Adehm. Déi néideg Adaptatioune missten elo séier kënne gemaach ginn, och well d'Gesetz "net riseg" wier.

D'Diane Adehm geet dovun aus, datt et wuel awer Januar gëtt, bis déi Reunioun mam Xavier Bettel zustane kënnt.