Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hoffnung stierft als lescht

Franséisch Presidentiellen 2017

D'Hoffnung stierft als lescht

D'Supporter vum François Fillon, dee jo Problemer mat der Justiz huet, si rose mat der Press. Si hu kee Vertraue méi an d'Sondagen. Dat war kloer ze spieren, de leschten Donneschdeg, um Stroossbuerger Meeting vum riets-liberale Presidentschaftskandidat. Si wëlle weider un eng Victoire vum Fillon gleewen. Reportage.

auto_stories

2 min

"Wéi se hien duerch de Bulli zéien, ass skandaléis!" reegt sech eng Supporterin op. D'Medie géifen nëmme vum François Fillon sengen Affairen an net iwwert säi Programm schwätzen. Hie wier ongerecht behandelt ginn, d'Wourecht géif schlussendlech gewannen, sou déi allgemeng Meenung ënnert de Fillonisten, vun deene Verschiddener wäit gereest sinn, fir op Stroossbuerg hire Kandidat ënnerstëtzen ze kommen.

Datt dem Fillon seng Affaire ronderëm fiktiv Aarbechtsplaze vu senger Fra net vergiess ass, krut de Kandidat am Ufank vu sengem Meeting ze spieren. Ee jonke Militant, dee sech als Supporter ausginn hat, hat mat Miel op de rietse Kandidat geheit, wéi deen ënnerwee war fir op d'Bühn. "Je suis la cible d'un acharnement impitoyable", sou de Fillon an de Mikro viru sengem Publikum. "Ils essaient tout pour me décourager, même les plus minables arguments. J’espère au moins que la farine était française."

"Made in France" waren och déi vill Fan-Gadgeten, déi an der Entrée vum Sall verkaf goufen: Bicher, T-Shirten, Bicken, Aueren ... An och kleng Autoen: "Jidderee weess jo, datt de François Fillon gäre mat Sportsautoe fiert", erkläert e Militant.

Nostalgiker vum Generol de Gaulle, Fans vum Nicolas Sarkozy ...

Gutt iwwer 3.000 Leit waren op Stroossbuerg an de Parc des expositions komm: gréisstendeels wäiss, iwwer 40 Joer al an éischter aus enger sozial gehuewener Mëttelklass. Vill vun hinne koumen eigentlech net nëmme wéinst dem Fillon u sech: Nostalgiker vum Général de Gaulle, Fans vum Nicolas Sarkozy ...

Den Droit-Student a President vum "Mouvement les jeunes pour François Fillon" ass iwwerzeegt, datt säi Kandidat deen eenzege richtegen ass. Vill Jonker géifen hannert him stoen. "Fir datt et ee reelle Wiessel 2017 gëtt, a kee falsche Wiessel mam Emmanuel Macron, eigentlech den Nofolger vum François Hollande." De Fillon wier de Kandidat mat der längster Erfahrung a mam beschte Programm fir Frankräich, sou aner Supporter.

"Dann enthalen ech mech am zweeten Tour"

Iwwert déi aner Kandidate wollt kee wierklech seng Meenung soen. Fir si géif just de Programm vum François Fillon zielen. D'Supporter stinn also hannert dem Vertrieder vu Les Républicains, egal wat d'Medien oder d'Sondage mellen. Si hoffen datt, genee wéi bei de Primairen, déi Wieler de Match herno maachen, déi sech nach net festgeluecht hunn.

A sollt de Fillon am éischten Tour den 23. Abrëll net ee vun den zwee Éischte sinn an deemno d'Stéchwahl verpassen? "Dann enthalen ech mech am zweeten Tour, ech wiele fir keen aneren", seet eng Fra.