Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Inegalitéiten am Fokus

Ongläichheeten

D'Inegalitéiten am Fokus

Kann een de Problem vu sozio-ekonomeschen Inegalitéiten an eiser Gesellschaft iwwerhaapt moossen? Dës Fro stoung gëschter am Mëttelpunkt vun enger Konferenz vum Statec iwwer d'Ongläichheeten zu Lëtzebuerg an am Ausland.

auto_stories

1 min

D'Manéier wéi d'Wëssenschaft Ongläichheete versteet, géif ëmmer méi u Komplexitéit gewannen. Doriwwer sinn d'Experten, déi de Statec invitéiert hat, sech eens. Dat géif och dozou bäidroen, datt et ëmmer méi schwéier gëtt d'Inegalitéiten an enger Gesellschaft ze moossen.

De franséische Soziolog an Auteur Francois Dubet erkläert, datt Inegalitéiten iwwerall an eise Gesellschafte ze fanne wieren. Et géif een zwar mengen, datt mir all Mënsche sinn, mee et géife staark Ongläichheete bestoen, wéi zum Beispill beim Akommes, beim Logement oder nach bei der Mobilitéit.

An de leschte Joren hätte sech d'Inegalitéite staark verännert, esou de Francois Dubet. An zwar wiere se méi individuell a spezifesch ginn, am Verglach zu fréier. D'Ongläichheete wieren net méi un déi grouss sozial Gruppe gekoppelt an et wier zu enger reegelrechter Explosioun komm.


Lauschtert de ganze Reportage vum Rahel Könen