Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Joer 2020 an der Online-Redaktioun

Joresréckbléck

D'Joer 2020 an der Online-Redaktioun

Wéi huet d'Joer 2020 fir déi digital Kanäl vum radio 100,7 ausgesinn? Wéi eng Artikele goufe besonnesch dacks ugeklickt? Wat huet d'Leit am meeschten interesséiert? En Iwwerbléck vun der Online-Redaktioun.

auto_stories

2 min

Als allgemengen Iwwerbléck kann ee festhalen, datt mir 1.957.626 unique Pageviews um Site haten. Dat ass e Plus vun 69,72 Prozent par rapport zum leschte Joer. Natierlech huet d'Corona-Pandemie do (och, awer net nëmmen) matgespillt, an dat mierkt een och bei de meeschtgeklickten Artikelen dëst Joer.

D'Artikele goufen 143 Prozent méi geklickt wéi d'lescht Joer, mat 451.689 Notzer waren dat der 91 Prozent méi wéi 2019.

www.100komma7.lu

Am meeschte gouf eise Liveticker consultéiert, an deem mir iwwer d'Aktualitéit ronderëm de Coronavirus informéiert hunn: 41.854 unique pageviews. Den 12. Mäerz hu mir heimat ugefaangen a mir hunn ënner anerem Pressekonferenzen an aner Aktualitéitssujeten aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt couvréiert.

Och eise Reportage iwwer d'Police-Kontrollen an der éischter Well huet vill Leit interesséiert: 15.804 uniqe pageviews. 325 Leit hunn och den Audioreportage gelauschtert.

Op eisem Internetsite hu mir och Meenungsbäiträg publizéiert - am meeschte gouf de Fräie Mikro vun der Judith Reicherzer iwwer d'Schoulrentrée gelies: 13.357 unique pageviews. 673 Notzer hunn de Kommentar och gelauschtert.

Mee net nëmmen de Coronavirus huet sech op eisem Internetsite erëmgespigelt - och de Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli iwwer d'Liewensbedéngunge vun de Portugisen zu Lëtzebuerg gouf vill geklickt: 10.193 unique pageviews. 429 mol gouf den Audio dozou gelauschtert.

Facebook: +1.900 Likes

Op Facebook hu mer 1.900 Likes derbäi kritt a sinn elo op 12.299 Likes.

Am Juli hu mir eng éischte Kéier d'Landkaart mat der Verdeelung vun den Neiinfektioune gedeelt - 134.733 Leit hunn dat op Facebook gekuckt, 1.157 mol gouf dee Post gedeelt.

Am Abrëll goufen éischt Projektiounen, wéi d'Corona-Pandemie géif weider goen. Dat huet och vill Leit interesséiert, 86.069 Leit hunn dee Post op Facebook gekuckt.

Datt et Laboe ginn, bei deenen en Test e "schwaach positiivt" Resultat uweist, gouf 79.778 mol gekuckt.