Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Journaliste sollen erëm mat enger Stëmm schwätzen"

Fusioun Journalisteverbänn

"D'Journaliste sollen erëm mat enger Stëmm schwätzen"

Am Hierscht soll déi nei an eenzeg Journalistegewerkschaft ALJP déi ronn 500 Journalisten hei zu Lëtzebuerg vertrieden. Eng Chance fir en Neistart vun der Gewerkschaftskultur, hoffen d'Acteuren um Terrain.

auto_stories

3 min

Bis déi nei "Association luxembourgeoise des journalistes professionnels" dem Public am Hierscht soll presentéiert ginn, mussen d'Statuten nach validéiert ginn.

D'Geschicht vun de Lëtzebuerger Journalisteverbänn

D'Geschicht vun de Lëtzebuerger Journalisteverbänn geet bis an d'20er Joren zréck. Deemools gouf et een eenzege Journalisteverband mam Numm "Association luxembourgeoise des journalistes", kuerz ALJ. Mat de Joren hätt dat geännert, wéinst engem Streit ëm de Presidenteposten, seet de Roger Infalt. Hien ass zënter iwwer 20 Joer President vun der ALJ a Journalist bei Editpress.

"Déi éischt Spaltung war Mëtt de 70er Joren. Do hunn d'Journalisten, déi bei Saint-Paul geschafft hunn, hiren eegene Veräin opgemaach."

2004 koum et dunn zu enger zweeter Spaltung. De "Syndicat des journalistes - Luxembourg" ass entstane mat Vertrieder aus verschiddene Medienhaiser. D'Zil vun der Organisatioun war et, onofhängeg ze sinn. Et wier déi Klengste Gewerkschaft, mä si wier am Breetste gedroe vun de Pressehaiser aus. Dat seet de Luc Caregari, President vun der SJL.

"Dat geet vum Paperjam, iwwert de radio 100,7 bis bei d'Woxx. T'ass wahrscheinlech well se sou kleng ass, huet se dee Virdeel, datt se bis elo am reaktiivste war."

"D'Muechtverhältnis huet sech verännert"

Elo wier et un der Zäit, d'Streidereien hannert sech ze loossen, erkläert den Teddy Jans. Hien ass den aktuelle President vun "l'Union des journalistes Luxembourg", kuerz UJL, déi d'Journaliste vu Saint-Paul vertrëtt. D'Muechtverhältnis vun den Zeitungen hätt sech verännert. "Haut duerch d'online Medien, duerch déi nei elektronesch Medien, ass d'Muechtverhältnis en anert. Et ass net méi déi bipolar Medielandschaft, wéi se deemools war."

Datt et an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg dräi Journalisteverbänn géif ginn wier lächerlech, seet den Teddy Jans. "Dat war eis zënter längerem een Dar am A. A mir hunn do ee Wee gesicht, wéi mir dat Ganzt kënne neutral zesummefügen, ouni déi al Streidereien, dat Blockdenken nees opliewen ze loossen."

D'Journaliste solle mat enger Stëmm schwätzen

Mat der neier ALJP ("Association luxembourgeoise des journalistes professionnels") sollen d'Journalisten elo no laanger Zäit nees mat enger eenzeger Stëmm schwätzen, erkläert de Roger Infalt. Déi nei Associatioun géif den Numm vun der ALJP kréien, déi jo 1925 gegrënnt gouf.

"Mir wëllen erëm esou staark ginn, wéi mir eng Zäitche waren. D'ALJ ass déi gréisst, an och déi eelst Associatioun a mir wëllen un där festhalen."

An déi nei Statute goufe verschidde Critèren agebaut. Dat, fir ze verhënneren, datt et nach eemol zu Streidereie bannent dem Verband kënnt, a fir datt méi kleng Medienhaiser net ze kuerz kommen. Ee vun de Critèrë gouf et och scho bei der sougenannter onofhängeger SJL. Leit a féierende Positioune sollen net an de Comité vun dem neie Veräin kommen, seet den Teddy Jans. "Fir ze verhënneren, datt vun den Direktiounen een Afloss geholl gëtt op den neie Journalisteverband."

Donieft sollen d'Mandater op Maximum sechs Joer begrenzt ginn, seet de Roger Infalt. Méi kleng Medienhäiser bräichte sech dann och keng Suergen ze maachen, datt si hir Fuerderungen net duerchgesat kréichen, erkläert den Teddy Jaans. "D'Doleancë vun deene Klenge sinn eis grad esou wichteg, wéi déi vun deene Groussen."

Chance fir en Neistart vun der Gewerkschaftskultur?

Virun allem wier et elo wichteg, vill Journalisten ze mobiliséieren. Anescht, wéi a Frankräich oder Däitschland, géif et zu Lëtzebuerg nämlech keng Gewerkschaftskultur am Journalismus ginn. D'Gewerkschaften hätte gréisstendeels zu deenen zwee grousse Pressehaiser gehéiert, esou de Luc Caregari.

"An ech hoffen emol, datt dat hei d'Chance ass, fir en Neistart. Fir och e bësse méi Bewosstsinn ënnert de Journalisten ze schafen. Mir hunn eng Cause ze verteidegen, an dat ass d'Demokratie."

An den nächste Jore wäerten d'Theme wéi d'Informatiounszougangsrecht, d'online Medien oder nach d'Aarbechts- an d'Auteure-Rechter am Mëttelpunkt stoen.