Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Jugend vun haut ... Anescht a vläicht besser!

Fräie Mikro

D'Jugend vun haut ... Anescht a vläicht besser!

Am November ass de Mount, wou all Joer de Verkéiersaffer geduecht gëtt. A ganz Europa sinn déi jonk Chauffere bei de Victimmen iwwerrepresentéiert. Et fält awer op, datt déi nei Generatioun vu Fuerufänger manner iwwerrepresentéiert sinn, wéi nach hir Elteren et waren. Wier d'Jugend vun haut an deem Beräich deemno eng besser. D'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière, geet där Fro no.

auto_stories

3 min

"On n'est pas sérieux quand on a 17 ans" huet den Arthur Rimbaud geschriwwen. Schonn deemools net, an haut och net. A schonn deemools gouf gesot "d'Jugend vun haut ..." an dann de Kapp gerëselt. Wat déi jonk Chaufferen ubelaangt, sinn déi - wéinstens wat hir Vulnerabilitéit an de Risiko an engem Autosaccident ëm d'Liewen ze kommen - net méi esou exposéiert, wéi nach virun zéng, 20 Joer.

Net onbedéngt well si haut vu sech aus méi verstänneg wieren, mee well dat ganzt Ëmfeld an de leschten zwee Joerzéngte wesentlech geännert huet. Fir deen, deen no 2002 gebuer ass an haut also am Alter fir de Führerschäin ze maachen, ass de Punkteführerschäin kee Grond zur Panik, mee eng Selbstverständlechkeet.

Ganz anescht wéi 2002, wéi en ageféiert gouf. Katastrophenzenarie goufe virausgesot, vun den Adepte vum gudde Patt an dem sportleche Fuerstil, awer och vun de Gewerkschaften a verschiddene Beruffskummeren. An der Chamber ass dem deemolegen Transportminister Henri Grethen säi Projet de loi mat nëmmen 39 Stëmme vun der CSV-DP Majoritéit a vun deene Gréngen duerchgaangen.

Restriktiounen an Ängschten

Och um Comptoir war d'Opreegung grouss. Déi Zäit gouf nach am Bistro gestridden a gemeckert, net anonym an de sougenannte soziale Medien. Et gouf gefaart de Lëtzebuerger Automobilist géif mat Tempo a Promill an d'Delinquenz driften an zum Kriminellen ofgestempelt ginn, d'Frontaliere kéimen alt erëm besser ewech, an déi professionell Chauffeure wieren zukünfteg all ouni Punkten an domat ouni Liewensgrondlag.

Kaum war dat verkraaft, im Nachhinein mam Constat, datt de Punkteführerschäin e wäertvollt Instrument fir d'Verbesserung vun der Verkéierssécherheet ass, koum déi nächst Hiobsbotschaft. Den Taux légal vum Alkohol geet vun 0,8 op 0,5 Promill erof. Lëtzebuerg, eng vu de leschten 0,8 Promill Bastiounen an Europa ass der Verkéierssécherheet zum Affer gefall.

Am Avis vun enger Beruffskammer war ze liesen, datt de Lëtzebuerger Wäibau, scho schwéier gebeidelt vun der Konkurrenz "des vins du nouveau monde" ënner deem 0,5 wäert schro leiden. D'Parlament stëmmt d'Gesetz mat grousser Majoritéit, minus der ADR an dem liberale Carlo Wagner aus dem Osten ... fréiere Gesondheetsminister!

Fir déi Jonk vun haut ass dat, wat deemools hefteg kritiséiert gouf, Normalitéit. Si fille sech net an hire Fräiheeten ageschränkt, well si hu sech keng schlecht Gewunnechte bräichten ofzewinnen. Fir si war de 0,5 Taux vun Ufank un en Acquis. Si hu sech organiséiert, net well si méi verstänneg sinn, mee well et ëmmer méi Kontrolle gouf a gekoppelt mam Punkteführerschäin hätte si riskéiert an d'Laberenten ze kommen.

Eng positiv Entwécklung

Déi Jonk, déi haut de Führerschäin maachen, haten 13 Joer, wéi deen éischte Radar geblëtzt huet. Bei hinnen ass Opreegung dacks manner grouss wéi bei hiren Elteren. Mee och dat ass esou lues verquësst. Iwwregens sinn d'Radaren déi éischt repressiv Moossnam am Stroosseverkéier, déi an der Chamber à l'unanimité gestëmmt gouf.

Dës puer Beispiller fir ze weisen, datt déi jonk Chauffeuren haut vläicht net besser si wéi fréier, mee datt si an en anert Ëmfeld eragewuess sinn, zu engem Zäitpunkt wou d'Preventioun an d'Repressioun schonn e bëssen de Spaassfacteur um Autofuere vermasselt haten.

D'Interesse vun deene Jonken hu sech vläicht verlagert. Manner Turbo, méi Nohaltegkeet. "Fridays for Future" amplaz "Freie Fahrt für freie Bürger". Eng positiv Entwécklung ...


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.