Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'kathoulesch Kierch am Ëmgang mat hire Sexualverbriecher

Fräie Mikro

D'kathoulesch Kierch am Ëmgang mat hire Sexualverbriecher

De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, beschäftegt sech haut mat de Sexualverbriechen an der kathoulescher Kierch a weist drop hin, datt et an der Kierchegeschicht Zäite gouf, wou d'Matbestëmmung vum Vollek méi grouss geschriwwe gouf.

auto_stories

4 min

Virun enger Woch huet de Generalvikar Leo Wagener op dëser Antenn gesot, datt zanter der Pressekonferenz vum Bistum, den 28. Februar, 24 nei Leit sech gemellt hunn, fir vu sexuellen Iwwergrëff a Gewaltdoten duerch Geeschtlech ze schwätzen. Et ass evident, datt dee Skandal vill méi un d'Substanz vun der Kierch geet wéi d'Trennung vu Kierch a Staat, déi an der vireger Legislatur duerchgesat gouf, och wann dee Skandal net nëmmen d'kathoulesch Kierch betrëfft.

Keng konkret Mesuren

Mëttlerweil si jo op der ganzer Welt eng Rei Bëscheef an e Kardinol vu weltleche Geriichter veruerteelt ginn. Vum 21. bis 24. Februar war zu Roum eng Versammlung vun alle Presidente vu Bëschofskonferenzen uechter d'Welt an den Haaptleit aus dem Vatikan, fir iwwer déi Skandaler ze schwätzen.

Och de Leo Wagener huet bedauert, datt déi Konferenz keng méi konkret Mesuren ergraff huet, fir an der Kierch géint kriminell Geeschtlech a Bëscheef, déi si decken, virzegoen. Op der Pressekonferenz sot den Äerzbëschof Hollerich, an der Diözes Lëtzebuerg géifen all Fäll, déi him bekannt ginn, direkt dem Procureur gemellt. Dat misst op der ganzer Welt d'Reegel sinn.

Eng nei Sexualmoral?

Mee d'kathoulesch Kierch muss sech och froen, wat d'Ursaache sinn. Den Zölibat kann net eleng Schold un dem geheefte sexuelle Mëssbrauch vu Kanner sinn, well där Crime gëtt et och an anere Kierchen, wou Kleriker sech dierfe bestueden, an a Kannerheemer, déi net vu kierchleche Strukturen ofhänken.

Schonn 2010 hat allerdéngs de Rapport vum Mëssbrauchsbeoptragte vun der Lëtzebuerger Kierch festgehalen, datt eng Institutioun, déi de Geschlechtsverkéier tëscht erwuesse Leit verbitt, méiglecherweis extra attraktiv ass fir Männer mat pädophillen Tendenzen. Zanterhier muss all Seminarist sech engem zolitte Psychotest ënnerwerfen ier e geweit gëtt.

De Leo Wagener war awer och der Meenung, d'Kierch misst onbedéngt iwwer eng zäitgeméiss Sexualmoral nodenken. Et ass tatsächlech schwéier ze verstoen, wann ee gleeft, datt de Mënsch vu Gott geschafe gouf, datt dann awer alles, wat mat senger Sexualitéit ze dinn huet, vum Béise soll sinn, wann et net am Bestietnes ofleeft.

Ewech vum Zölibat

Eng Rei däitsch Bëscheef hu grad wéi de Lëtzebuerger Generalvikar op dëser Antenn och den Zölibat a Fro gestallt a fuerderen als éischte Schrëtt d'Wei vu sougenannte viri probati, bestuete Männer, déi matzen am Liewe stinn. D'Kierch sollt net vergiessen, datt den Zölibat sech eréischt am 12. Joerhonnert duerchgesat huet, als Reaktioun op Paschtéier, déi sech méi ëm d'Famill hu misse bekëmmere wéi ëm hire Beruff.

Wéi all d'Bëscheef goufen och d'Peepst bis an d'13. Joerhonnert vum Vollek a vum Klerus vu Roum gewielt. An et gëtt nach haut Diözese wou de Klerus dem Poopst e Kandidat als Bëschof virschléit a net ëmgedréint. Schonn am neien Testament ass vu Frae rieds, déi chrëschtlech Gemeinschafte geleet hunn. Et ginn also an der kathoulescher Kierch demokratesch Traditiounen, déi ee kéint nei beliewen an déi dem biblesche Glawen net entgéint stinn.

Hanner de Sexualverbrieche stécht ouni Zweiwel e Mëssbrauch vu Muecht. De neie Bëschof vun Hildesheim sot an engem Interview, dee Mëssbrauch géif zur DNA vun der Kierch gehéieren, an doraus misst d'Kierch theologesch Konsequenzen zéien.

De Fokus op d'Kierch

Als Beispill sot en, d'Kierch misst sech bewosst ginn, datt se als sollech sëndegt a net nëmmen Eenzeler an der Kierch. Dat schéngt och de Poopst Franziskus nach net verstanen ze hunn, wann hie seet, déi kriminell Geeschtlech wiere vum Däiwel verféiert ginn. D'Kierch misst och ophalen, de Beruff vum Geeschtlechen als Beruffung ze verstoen, wéi wa Gott deen eenzelen héchstperséinlech beruff an domat iwwer déi aner Gleeweg gestallt hätt.

Et gëtt Zäit, datt d'Kierch nees op Laie lauschtert wéi am Mëttelalter de Franz vun Assisi oder d'Catherine vu Siena an sech drop besënnt, datt de Glawen un d'Operstehung Freed a Fräiheet verkënnegt a net Leed a Muecht.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.