D'Klimaschutzgesetz, dat am Dezember 2020 an der Chamber gestëmmt gouf, "ass eng Bulle", seet d'Blanche Weber.
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg (déi gréng) sot bei der Presentatioun vum Gesetzesprojet, et géif näischt bréngen ze strofen. Dat eenzegt, wat géif nëtzen, wier "méi Ambitioun". D'Blanche Weber nennt dat ee "pointéierten Dialog", dee si "net richteg" hält.
"Mir brauche pro Wirtschaftssecteur eng wëssenschaftlech fachlech Analys, wou mer mat den CO2-Emissioune stinn, an et muss ee wëssen, wat ee wëllt", esou d'Blanche Weber an der Emissioun Riicht Eraus.
"De Klimawandel ass eng Katastroph"
D'Klimaschutzgesetz gesäit vir, datt Lëtzebuerg seng CO2-Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiere soll. Wéi eng Wirtschaftssecteure wéi vill Prozent dovun iwwerhuele mussen, ass nach net definéiert. Dat wier dramatesch, esou d'Presidentin vun der Ëmweltassociatioun. Wat ee méi spéit géif reagéieren, wat d'Mesurë méi aschneidend a doduerch manner demokratesch géife ginn.
De Klimawandel wier eng Katastroph an dat misst een esou soen, ënnersträicht d'Blanche Weber. Och wann de Mënsch positiv Zukunftsbiller bräicht fir eppes ze änneren, misst een och heiansdo "Tacheles" schwätzen.
Datt d'USA ënner dem neie President Joe Biden nees beim Paräisser Klimaaccord dobäi si wier awer eng gutt Noriicht, esou d'Blanche Weber: "Dat deet der Séil an esou Zäite gutt".