Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Left Tokyo Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Konsumenten hunn en enorme Besoin fir Informatiounen"

Home and Living Expo

"D'Konsumenten hunn en enorme Besoin fir Informatiounen"

All déi Froen, déi ee bei der Wunnengssich huet, kann een an den nächsten Deeg an de Foireshale stellen. Hei sinn all Experten aus dem Secteur regroupéiert, si liwwere sou vill Berodung wéi méiglech, seet de Morgan Gromy vu Luxexpo.

auto_stories

1 min

"D'Konsumenten hunn en enorme Besoin fir Informatiounen am Face-à-Face", seet den Direkter vun der Luxexpo, de Morgan Gromy. Um Internet géif ee wuel all Informatiounen, Donnéeën an Iddie fannen. Well de Choix awer ze grouss wier, géif dat zur Konfusioun féieren. "A fir dann erëm kloer Iddien ze kréien, ass et wäertvoll mat Spezialisten ze diskutéieren", dovunner ass de Morgan Gromy iwwerzeegt.

Op der Semaine du Logement sinn en Drëttel vun den Exposanten Acteuren aus dem ëffentleche Secteur, e weideren Drëttel ass d'Immobilienoffer, an de leschten Drëttel gëtt da vun Assurancen a Banke representéiert. Domat ass de ganzen Ensembel vun engem Projet ofgedeckt, seet de Morgan Gromy. Dat géif engem d'Liewe méi einfach maachen.

"Esou e Salon kann natierlech d'Problemer vum Maart net léisen", ass sech de Morgan Gromy bewosst. D'Politik misst hir Verantwortung iwwerhuelen.

"Eise Contrat Bail leeft 2028 aus", seet den Morgan Gromy. "Mir denken aktuell no, diskutéieren, mee nach ass keng Decisioun gefall." Déi misst awer an den nächste Méint geholl ginn, anescht kéim een ënner Zäitdrock. Bei der Sich no engem neien Site plädéiert de Morgan Gromy fir innovatiivt Denken.