Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kräfteverhältnis fänkt un ze kippen

Whistleblower zu Lëtzebuerg

D'Kräfteverhältnis fänkt un ze kippen

An der Affär LuxLeaks huet d'Cour de Cassatioun gëschter d'Condamnatioun aus zweeter Instanz vum wichtegste vun zwee Ugekloten, Antoine Deltour, deelweis annuléiert. Den Deltour war deemools zu sechs Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof veruerteelt ginn. Elo muss hie sech nach eng Kéier an Appell veräntwerten. Mä net méi op engem kruziale Punkt. Fir potentiell Whistleblower hei zu Lëtzebuerg gëtt heimat ee wichtege Prezedenzfall geschaaft.

auto_stories

3 min

Déi zwee Ugekloten am LuxLeaks-Prozess sinn nach net aus der Affär gezunn. Hiert gemeinsamt Zil - de Fräisproch - wäerte si elo mussen op getrennte Weeër versichen z'erreechen. De Showdown virum Stroossbuerger Mënscherechtsgeriichtshaff, deen ee sech vun Ufank un als dee wahrscheinlechste Zeenario fir déi zwee ausgemoolt hat, gëtt elo Realitéit fir ee vun den zwee fréiere PwC-Mataarbechter.

D'Cour de Cassatioun war der Meenung, datt dem Raphaël Halet seng Veruerteelung aus zweeter Instanz berechtegt war. Déi Dose vertraulech Steiererklärungen, déi hien un de Journalist Edouard Perrin weidergeleet hat, wiere keen neit Element gewiescht, déi d'Debatt ëm Steierflucht relancéiert oder alimentéiert hätt, heescht et am Arrêt.

Sengersäits gëtt den Antoine Deltour, dem Perrin seng éischt Source, zréck virun d'Appellsgeriicht geschéckt. Do muss hie sech da veräntwerte fir intern Formatiounsdokumenter vu PwC, déi hien och nach - zesumme mat Dausende vun aneren Dokumenter - kopéiert hat.

Statut vu Whistleblower unerkannt

Mä de kruziale Punkt ass a bleift deen heiten. Den Deltour kritt de Statut vum Whistleblower, am Sënn vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun, ee fir alle Mol unerkannt. Et gëtt unerkannt, datt déi Dausende Steierrulingen, déi hie bei sengem fréieren Employeur geklaut a spéiderhin dem Journalist Edouard Perrin uvertraut hat, ee wichtege Bäitrag fir d'Steierdebatt an Europa waren. D'LuxLeaks-Affär huet déi politesch Responsabel gezwongen, wéinst den onfaire Steierpraktiken an der Europäescher Unioun zugonschte vun de grousse Konzerner an op Käschte vu Millioune Bierger ëmzedenken an unzefänken, d'Gesetzer ze änneren.

Dem Antoine Deltour säin Handelen ass, am prezise Fall vun de Rulingen, also geschützt. An zwar onofhängeg dovun, datt hie géint d'Beruffsgeheimnis verstouss huet. Den Interessi vun der Allgemengheet steet hei iwwert deem vun enger privater Entreprise.

Prezedenzfall geschaaft

Den Arrêt vun der Cour de Cassatioun schaaft also ee ganz wichtege Prezedenzfall. Am Kloertext heescht dat, datt an Zukunft all potentielle lanceur d'alerte hei zu Lëtzebuerg domat ka rechnen, viru Geriicht Recht ze kréien - virausgesat, datt seng Revelatiounen dem intérêt général zegutt kommen a virausgesat dann ënnert anerem och, datt et keen anere Wee ginn ass, fir d'Ëffentlechkeet z'alertéieren.

Datt et virun engem Lëtzebuerger Geriicht souwäit konnt kommen an een net emol huet missten ee Stroossbuerger Verdikt ofwaarden, war alles anescht wéi evident. Ee richtegt Gesetz fir de Schutz vu Whistleblower gëtt et zu Lëtzebuerg nach net. De Poids vun der Finanzplaz séchert hiren Acteuren - dorënner Auditsgesellschafte wéi PwC - een onmoossege politeschen Afloss. Souguer erfuere Juristen, déi fir hiert Engagement zugonschte vun der Pressefräiheet bekannt sinn, ware méi wéi skeptesch.

Virun engem Geriicht zu Metz leeft eng weider Affär, déi an enkem Zesummenhang mat de LuxLeaks steet. An dës Kéier sëtzt PwC Lëtzebuerg op der Uklobänk. D'Auditgesellschaft gëtt vum Edouard Perrin beschëllegt, 2014 bei enger Perquisitioun beim Raphaël Halet doheem géint de Quelleschutz verstouss ze hunn. D'Uerteel gëtt do de 6. Februar gesprach.

De Spiiss ass ëmgedréint ginn. E bëssen.