Reng Lëtzebuerger Chiffere ginn et keng, mee am Ausland ginn et Estimatiounen, datt ronn e Fënneftel vun alle Kanner a Jugendleche méi oder manner uerg psychesch Problemer huet. Dat seet de René Schlechter, den Ombudsmann fir d'Rechter vum Kand.
Et feelt ee Konzept
Déi mental Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen a Famillen ass dëst Joer de Schwéierpunkt am ORK-Rapport. Do gëtt unerkannt, datt an de leschte Jore munches geschitt ass an deem Beräich, datt nei Strukturen entstane sinn an datt zousätzlech Better an de Jugendpsychiatrië bäikomm sinn.
Villes wier awer onkoordinéiert geschitt, bedauert den Ombudscomité. Et bräicht een hei méi e kohärente System, fuerdert de René Schlechter, well et géif awer e Konzept feelen.
Sanktiounen hëllefen net
An der Ëffentlechkeet ass eng Diskussioun opkomm, datt ëmmer méi Kanner verhalensopfälleg sinn. Hiert Verhale wier net ëmmer, mee heiansdo op eng psychesch Souffrance zeréckzeféieren, seet de René Schlechter. Dacks géif gemengt ginn, "et kréich een dat iwwer Sanktiounen oder Strofen oder Recadrement an de Grëff. An et gesäit een net, datt déi Aggressioun, déi an engem Kand stécht, dermat ze dinn huet, datt et eventuell Saachen erlieft huet oder gesinn huet, déi et net verschafft oder wat och ëmmer."
Dëst Leide misst detektéiert ginn, an dofir wier och d'Schoul gefuerdert. Den ORK fuerdert dofir an all Lycée eng Infirmière oder een Infirmier, well déi Persoun eventuell en aneren Zougang zu Hëllef géif ginn. "Wie geet scho gär bei de Psycholog? Mee wann ech ëmmer Bauchwéi hunn, ginn ech awer vläicht bei d'Infirmière a soen: Kënnt Dir eppes maache géint mäi Bauchwéi? An da kënnt een och vläicht an d'Gespréich, datt de Bauchwéi vläicht mat iergend eppes anescht nach zesummenhänkt."