Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Capricorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Leit finanzéieren hir Steiererliichterunge selwer"

Steierreform

"D'Leit finanzéieren hir Steiererliichterunge selwer"

An hire respektive Reaktiounen, stellen d'Oppositiounsparteien (CSV, ADR, Déi Lénk) kloer: d'Reform gëtt duerch Efforte vun de Leit selwer finanzéiert. D'CSV an d'ADR verlaange méi Präzisounen, déi Lénk soen déi Räich wieren d'grouss Gewënner an de Syvicol färt gréisser Verloschter fir d'Gemengen. Patronat a Gewerkschaften, maachen als éischt Analysen a wëllen da réischt réagéieren.

auto_stories

4 min

D'CSV-Fraktioun betount, datt de Sputt, mat deem déi geplangte Steierreform finanzéiert gëtt, duerch Steierhaussë vum Spuer- a Steierpak vun der blo-rout-grénger Regierung entstane wier. Genee wéi d'CSV, ënnersträichen dat och d'ADR an déi Lénk. D'Steiererliichterunge musse mat "anti-soziale" Mesurë vum Spuer- a Steierpak vun 2015 "géigegerechent" ginn, esou déi Lénk. Fir d'ADR, hätt d'Regierung schonn dräi Steierhaussen op hirem Kont: déi sougenannten 0,5 Prozent-Krisesteier, d'Hausse vun der TVA an d'Net-Upassung vun der Steiertabelle un d'Inflatioun.

Gemengen iwwert den Dësch gezunn?

De Gemengesyndikat SYVICOL stellt sech Froen iwwert den Impakt vun der geplangter Steierreform op d’Gemengefinanzen. D’Gemenge kréien nämlech ronn 18% vun de Steieren, déi Privatpersoune bezuelen. Duerch d'Steiererliichterunge géingen d’Gemenge ronn 36 Milliounen Euro verléieren, esou de SYVICOL-President Emile Eicher. D’läscht Woch nach hat de Gemengesyndikat eng Entrevue mam Inneminister Dan Kersch an där 80 bis 90 Milliounen Euro zousätzlech finanziell Moyene fir d’Gemengen annoncéiert gi wieren. Den Emile Eicher wëll op enger Entrevue muer mat der Regierung erausfannen, wéi d'Perten duerch d'Steierreform solle kompenséiert ginn.

"Ëmverdeelung?" (Déi Lénk)

"D'Resultat ass am beschte Fall eng Nullronn", esou déi Lénk. D'Gewënner vun der Steierreform wieren héich profitabel Betriber a Leit, déi vun hire Renditë liewen. Dës Leit géingen der Oppositiounspartei no, kaum zur Kees gebiede ginn. "Bei de Kapital-Besëtzer knuppen d'Schampesfläschen", heescht an engem Communiqué.

Am Beräich Logement wieren d'Mesuren "desastréis" an am Beräich Ëmwelt bräicht een en "Elektronemikroskop" fir d'Mesuren ze gesinn.

Och Positives

D'CSV fënnt an der Steierreform, déi d'Regierung presentéiert huet, och positiv Elementer erëm. Elementer, déi och am CSV-Wahlprogramm stoungen, wéi de Mëttelstand d'entlaaschten, de Steierkredit an d'Luucht ze setzen oder déi optional individual Besteierung anzeféieren.

De Konsumenteschutz seet, d'Steierreform géing an déi richteg Richtung goen. Allerdéngs wier an den Ae vun der ULC d'Steier-Klasse 1, also Jonggesellen, nach ëmmer iwwerproportional besteiert.

Méi Präzisounen néideg

Alles an allem rechent d'Regierung mat pro Joer 400 bis 500 Milliounen Euro manner Recetten. "Mir wësse guer net, wat déi eenzel Mesurë kaschten", esou den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler. Och d'ADR freet per Communiqué Detailer, iwwert d'Käschte vun der Reform.

D'Gewerkschaften an d'Patronat wëllen hir respektiv Analyse vun der Reform nach maachen, iert se op den Inhalt aginn.

Fir ze liesen:

- De Communiqué vun der ADR

- De Communiqué vun Déi Lénk

- De Communiqué vun der ULC

"Do muss Spillraum sinn"

D'Sozialpartner kruten d'Pläng vun der Regierung e Sonndeg scho presentéiert. Déi wëll ee lo fir d'éischt analyséieren, an do wënscht een sech een oppent Ouer vun der Regierung, wëll déi de Sozialpartner nämlech am November 2014 versprach hat, si an d'Diskussiounen ronderëm d'Steierreform anzebannen. "Wat elo usteet, sinn d'Diskussiounen ronderëm d'Steierreform. A mir kënne lo net just pro forma mat der Regierung zesumme kommen, do muss Spillraum sinn", seet den André Roeltgen, President vum OGBL.

Beim OGBL, grad wéi beim LCGB gesäit een et, fir de Moment, awer positiv datt, déi méi schwaach Akommessen méi sollen entlaascht ginn. "Haut kann ech soen, datt déi Steierreform enger Revendicatioun vum LCGB gerecht gëtt, nämlech där Revendicatioun vun enger Entlaaschtung vun de Leit", sou de Patrick Dury, President vum OGBL.

Grad wéi d'Gewerkschaften setzt een sech och beim Patronatsverband UEL an de nächsten Deeg zesummen, fir eng Analyse vun de Regierungsproposen ofzeginn. Duerno wëll een da reagéieren.